Ekonomie, Flüchtlingen a Police
Flüchtlingen, Economie, Police an d'Kritik am "Spiegel" iwwer Nieweverdéngschter vu Lëtzebuerger Beamten - dat waren e puer Sujeten um Samschdeg de Mëtteg.
Wouhinner mat de Flüchtlingen? Europa gëtt op deem Punkt kee gutt Bild of, d'Meenunge ginn auserneen, verschidde Länner wëllen iwwerhaapt net matmaachen. Dat war ee Sujet e Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Etienne Schneider.
Mam Vizepremier hu mir awer och vill iwwer Economie, iwwer déi geplangte Steierreform an iwwer den Zoustand an den zwee Corpsen Police an Arméi geschwat.
Natierlech war och de kritesche Spiegel-Artikel en Thema: Wat huet et mam "Luxemburg-Prinzip" op sech?
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert. Dës ausnamsweis awer net, wéint dem Football.