Den ADR-Deputéierten Tom Weidig stéiert sech un de Liesunge vun der "Tatta Tom". En Dënschdeg sinn déi zwee sech an engem Face-à-Face um Radio begéint.

Den Tom Hecker, deen hannert der Konschtfigur "Tatta Tom" stécht, wëll Opklärungsaarbecht maachen a Wäerter wéi Toleranz a Matenee vermëttelen. Dat mat Liesungen a Schoulen zum Beispill. Den ADR-Deputéierten Tom Weidig hätt kee Problem mat Drag-Queenen, mä d'Tatta Tom géif Stereotyppe verstäerken. Kanner géife beaflosst ginn an de Contenue vun de Liesunge wier net altersgerecht. Och d'Neutralitéit vu Schoulen oder ëffentlechen Institutioune wéi Bibliothéike wier esou net ginn, sou d'Kritik vum Tom Weidig. 
 
De Mann hannert der Tatta Tom, den Tom Hecker, huet déi Kriticken net gëlle gelooss. D’Tatta Tom wier eng Märchefigur, wier bewosst iwwerdriwwen, déi d'Geschichten an d'Vermëttlung vu Wäerter méi faarweg a méi interessant géif maachen. 
 
Den ADR-Deputéierte mengt net, datt ee schwul oder lesbesch gëtt duerch sou eng Liesung, dat “hätt een oder hätt een net”, dat wär neurobiologesch gesteiert, seet hien. Mä hien ass awer schonn der Meenung, datt, wat Transsexualitéit ugeet, do géif et quasi eng “Pandemie” ginn. Do géife Meedercher zum Beispill duerchernee gemaach ginn a géife scho fréi eng Hormontherapie maachen oder géifen sech operéiere loossen. Duerch déi Oppenheet géife méi Leit verstoen wat se sinn oder sech derzou bekennen, äntwert den Tom Hecker.
 
Den ADR-Deputéierten hat zejoert an elo rezent an de soziale Medien derzou opgeruff, d’Meenung ze soen iwwer d’Optrëtter vun der Tatta Tom viru Kanner. Dat huet zu villen Haasskommentare gefouert. Den Tom Hecker mécht déi Optrëtter zanter 5 Joer. Eréischt zejoert hätt déi staark Kritik ugefaangen. Hien hätt och Mordmenace kritt. Bei deenen negative Kommentaren, déi him ganz no ginn, wär näischt Konstruktives derbäi.
 
Ob dat net en Opruff zum Haass wier, war d'Fro un den Tom Weidig. Dee mengt dat net. Perséinlech Attacke géif och hie verurteelen. Et soll ee sachlech bleiwen, hätt hien ëmmer betount. Hien hätt villäicht eng Lawin ausgeléist, dat kéint een awer nëmme maachen, wann extrem vill Schnéi um Hang wär. Vill Leit wieren einfach onzefridden an net frou iwwer déi konstant Beriselung mat der LGBTQ-Ideologie, seet den Tom Weidig. Hie wär net responsabel fir déi grouss Onzefriddenheet vu ville Leit. D’Fuerderunge vun der Communautéit wären einfach extrem.

Wärend dem Face-à-Face huet den Tom Weidig och den Direkter vun der Akerbauschoul, den Tom Delles, kritiséiert. Deen hätt hien "aggressiv attackéiert" a gesot, den Tom Weidig wier eng "schlecht Persoun". Den Tom Weidig bezitt sech dobäi eegener Ausso no op en Artikel, dee virun engem Mount bei RTL publizéiert gouf.

Doran hat den Tom Delles der Schoul hire Choix, fir d’Tatta Tom z’invitéieren, géint d’Kritik vum Tom Weidig verdeedegt:

"Änlech äussert sech och den Direkter vum Lycée Technique Agricole. Nach ni wier ee Post vun der Akerbauschoul esou vill kommentéiert ginn ewéi dësen, seet den Direkter Tom Delles, dee kloer hannert sengem Choix steet. Sou Sensibiliséierungsaarbecht géif zum Bildungsoptrag vun der Schoul gehéieren. Leit wéi den Tom Weidig géife sech guer net mat der Thematik auserneesetzen an nëmmen zum Haass opruffen."

Datt den Tom Weidig eng schlecht Persoun wier, huet den Tom Delles net gesot. Ma den Tom Weidig liest dat aus sengen Aussoen eraus.

Face à Face: Tom Hecker alias "Tatta Tom" vs Tom Weidig (ADR)