Um Méindeg de Moie war de President vun der "Chambre d'Agriculture" eisen Invité vun der Redaktioun.

De Landwirtschaft-Sekteur ass ënner Drock. D‘Bauere spieren d’Kris. An dat dréckt op d’Moral, seet de Guy Feyder. De President vun der Landwirtschaftskammer war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D’Regierung hätt laang gewaart, fir de Baueren elo an der Corona-Kris ze hëllefen. Et wär och net wierklech eng Entschiedegung, mä éischter eng symbolesch Unerkennung. Et géif een net wäit lafe mat den Hëllefe vun der Regierung. Ënnert anerem, well den Horeca-Secteur zou ass, verkafen d’Bauere vill manner. De Guy Feyder kritiséiert och, datt sech de Landwirtschaftsminister, de Romain Schneider, net genuch fir si asetzt. Seng Stëmm hätt kee Gewiicht an der Regierung. De Secteur géif sech d’Fangere wond schreiwen, mä keng Resonanz spieren. Dem Ministère géif et allgemeng u Visioun feelen.

Dramatesch Evolutioun am Schwéngefleesch-Secteur

D’Schwéngsbauere géifen de Moment besonnesch leiden. Et géife just nach wéineg Betriber an dem Secteur ginn. Wéinst den internationale Verflechtungen, besonnesch mat Däitschland, géingen d'Präisser staark schwanken a just Betriber, déi gutt opgestallt ginn, kéinten do mathalen. Et wär ganz haart, d'Betriber géingen zanter e puer Méint dausenden Euro Verloschter maachen, a wann net Neel mat Käpp géinge gemaach ginn, da wäerten der nach vill hir Dieren zoumaachen, bedauert de President vun der Chambre d'Agriculture. D’Schwéngefleesch hätt iwwert een Euro pro Kilo an engem Joer noginn. Dat wär dramatesch. Am Mëllech-Secteur hätt een d'Chance gehat, mat engem bloen An dovun ze kommen.

Geännert Agrargesetz: E Gesetz vun de verpasste Chancen
D'Ännerungen um Agrargesetz, déi virlescht Woch an der Chamber gestëmmt goufen, géingen de landwirtschaftleche Secteur net begleeden, bei deem, wat op en duerkënnt. Speziell, wat d'Erausfuerderungen am Beräich vum Ëmwelt- Waasser- a Klimaschutz ugeet, awer och bei der Digitalisatioun. Et géing ëmmer just drop verwise ginn, dass op europäeschem Niveau déi nei europäesch Agrarpolitik (GAP) misst formuléiert ginn, wou och d'Strategie vu Lëtzebuerg an deenen anere Länner nach muss ausgeschafft ginn. Mee dat hätt awer net verhënnert, dass een op d'mannst am Grand-Duché mol mat dem Agrargesetz méi progressiv Mesuren am Virfeld ëmsetzt, fir d'Betriber op d'Changement an der Zukunft ze preparéieren. Mee dat wär verpasst ginn, sou den Guy Feyder.

Grouss Frustratiounen am Secteur

Et géing ee feststellen, dass d'Landwirtschaft am politeschen Debat kee grousst Gewiicht géing duerstellen. Dat wär awer net richteg, well et ee systemrelevante Secteur ass, sou de President vun der Chambre d'Agriculture.

Et wär eng Nonchalance do, fir schwiereg Froen unzepaken. Virun engem Joer hätt een dem Minister Romain Schneider eng ganz Strategie presentéiert, mee och do wär et keng Resonanz ginn. Dem Landwirtschaftsministère géing et einfach u Visioune feelen, sou de Guy Feyder. Donieft  géing et awer och bei de Bauere selwer un enger gemeinsamer Force feelen. Mee dat wéisst een an et géing een och dru schaffen.

Keng Reaktioun vum Ëmweltministère

E weidert Beispill dofir, dass een guer keng Resonanz an der Regierung hätt, wier d'Analys iwwer d'Waasserqualitéit vum Stauséi. Virum engem Joer hätt d'Landwirtschaftskummer auslännesch Experten den Optrag ginn, d'Waasser z'analyséieren. Ronderëm de Séi gëtt et 8000 Hektar landwirtschaftlech Fläch an dacks géingen d'Bauere responsabel gemaach gi fir den héije Phosphor-Taux am Waasser, deen ënner anerem och zum Problem vun den Blo-Alge bäidréit. Den Expert huet constatéiert, dass de Problem effektiv net duerch d'Baueren entsteet, ma ënner anerem duerch d'Kläranlagen, déi net um neiste Stand sinn. Weder d'Ëmweltministesch, nach d'Waasserverwaltung hätten awer wëllen op dësen Avis agoen, sou nach den Guy Feyder.

Invité vun der Redaktioun: Guy Feyder

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu, op der App an am RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.