Déi gréng Deputéiert a Co-Presidentin huet en Donneschdeg de Moien och d'Nominatioun vun der Christianne Wickler bei der Cargolux verdeedegt.

Fir politesch Ambitioune brauch een och politesch Majoritéiten. Sou huet d'Deputéiert a Co-Presidentin vun déi Gréng, d'Djuna Bernard, d'Politik vun hirer Partei an der Regierung en Donneschdeg de Moien hei op RTL verdeedegt. D'CO2-Steier, d'Investissementer vum Staat, zum Beispill d'Vëlosprimmen. Alles dat géing weisen, datt d'Regierung och Mesurë fir d'ekologesch Transitioun a fir d'Ëmwelt ënnerhëlt. Et missten awer weider Efforte gemaach ginn. Lëtzebuerg hätt sech ambitiéis Klimaziler gesat an déi missten elo zesumme mat de verschiddene Secteuren ëmgesat ginn. Dofir misst een elo ambitiéis sinn, mee dofir bräicht een och politesch Majoritéiten, sou d'Djuna Bernard.

Déi gréng Politikerin deelt dowéinst och net d'Meenung vun der neier Presidentin vun der Cargolux, d'Christianne Wickler, déi um 100,7 sot, villes wat mer hei zu Lëtzebuerg hunn, misst mam Fliger erageflu ginn. Am Fluchsecteur misst e Wandel kommen, sou d'Djuna Bernard. Si hätt schonn eng Erwaardung, wann eng „gréng“ Persoun un der Spëtzt vun der Cargolux steet an erwaart sech méi eng sensibel an oppe Positioun a puncto méi nohaltegt Fléien. D'Nominatioun wier der Djuna Bernard no iwweregens keng parteipolitesch Nominatioun gewiescht. Si sot zwar, „ech si ganz iwwerzeegt vun der Madamm Wickler. Ech géif dofir plädéieren, hir eng Chance ze ginn". Déi gréng Deputéiert a Co-Presidentin huet sech awer gläichzäiteg däitlech vun der Internet-Plattform Expressis-Verbis distanzéiert. Eng Online-Plattform, déi zweiwelhaft corona-kritesch Inhalter publizéiert a bei där d'Christianne Wickler sech eréischt dës Woch als Presidentin zeréckgezunn huet. An allgemeng ënnerstëtzt d'Djuna Bernard méi kloer Krittären, fir d'Besetze vu Posten an de Verwaltungsréit.

Ugeschwat op déi rezent Kritik vum grénge Co-President Meris Sehovic un d'niddreg Besteierung vun Amazon, sot d'Djuna Bernard, et wier jo net verbueden, als Parteipresident politesch Meenunge weider ze bréngen an Allianzen ze sichen. De Steierdebat war schonn am Summer ugestouss ginn a soll viru gedriwwe ginn. „Mir wäerten als Gréng an der Diskussioun méi eng héich Taxatioun vu Multinationale fuerderen", sou nach d’Djuna Bernard.

Invité vun der Redaktioun: Djuna Bernard

Och am Kloertext geet et ëm d'Nominatioun vun der Christianne Wickler als Cargolux-Presidentin. Invitéë sinn de Mobilitéitsminister a Vizepremier François Bausch, deen d'Geschäftsfra jo op dem Poste virgeschloen huet, an den Deputéierte vun de Pirate Sven Clement, deen dat schaarf kritizéiert, och wéinst der Madamm Wickler hirem Engagement bei der Corona-skeptescher Plattform Expressis-Verbis.

Aner Themen am Kloertext si Covidmesuren a wéi wäit si d'Gesellschaft splécken a wou d'Grenz ass tëscht kriteschem Geescht a Verschwierungstheorien. Déi zwee aner Invitéë sinn den Unisprofesser Robert Reuter an den Historiker Gilles Genot.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.