E Freideg war den Immobiliësecteur an de Bau Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Immobiliëpräisser falen, mee "d'Landung schéngt relativ kontrolléiert ze si par rapport zu der Hausse vun den Zënsen". Dat sot den Antoine Paccoud, Chercheur beim Liser, e Freideg de Moien hei op RTL. Iwwerdeems d'Kafkraaft vun de Leit tëscht 20 an 30% a Saachen Immobilië gefall wier, géingen d'Immobiliëpräisser net entspriechend falen.

D'Kris, déi et am Logement gëtt, wier a sengen Ae eng Kris vum Produktiounsmodus. De Modell, fir d'Demande ze stäerken, wier u seng Grenze gestouss. No der Kris vun 2009 wier en duerch déi niddreg Zënsen um Liewe gehale ginn, mee elo, wou d'Zënsen nees geklomme sinn, géing ee gesinn, datt de Modell net nohalteg wier. Dat well d'Präisser esou vill geklomme sinn, datt souguer d'Investisseuren net méi nokomme fir Projeten ze finanzéieren, sou de Fuerscher.

Dem Antoine Paccoud no wier d'Fuerderung vun der CSV a vum Immobiliësecteur, fir den Invest nees méi ze stimuléieren, eng schlecht Iddi. D'Produktioun vun neie Wunnengen hätt nämlech trotz deene Mesuren zanter den 2000er Jore stagnéiert. Steierlech Avantagen, wéi den Amortissement acceleré hätten d'Demande nach kënschtlech gestäerkt an d'Präisser wieren trotz oder deels wéinst deene Mesuren geklommen a geklommen.

"Amplaz nees zeréck ze goen, firwat net de Produktiounsmodell a Richtung Leit zentréieren, déi wierklech eng Wunneng brauchen? Amplaz a Richtung Investisseuren, déi Wunnengen ewéi e rentabele Finanzproduit behandelen", sou den Antoine Paccoud. Konkret bedeit dat fir de Fuerscher vum Liser, datt et besser wier, un den strukturelle Reforme vun de leschte Jore festzehalen. Domadder huet de Fuerscher eng méi staark staatlech Roll gemengt. An dozou gehéieren d’Mesuren, fir Terrainen, déi Brooch leien, ze mobiliséieren (d'Gesetz iwwert d'Mobiliséierungstaxe an d'Reform vun der Grondsteier sinn um Instanzewee).

D'Quelle vum Manktem u Bauland wier nämlech dem Liser no dorobber zeréckzeféieren, datt e groussen Deel vum Bauland an den Hänn vu just e puer privaten Acteuren ass. Déi hätten dem Antoine Paccoud no kee groussen Interêt drun, hir Terrainen ze verkafen. De Bauentrepreneur Marc Giorgetti sot awer schonn hei op RTL, hie géing keng Terrainen zeréckhalen, well hie wéilt bauen. Hien an aner Acteuren um Immobiliëmaart soen, et wieren d'Prozedure virun allem déi Projete bremsen. Dozou sot den Antoine Paccoud, hie kéint sech schlecht virstellen, datt Entrepreneure mat esouvill Erfarung, Main d’oeuvre an Terrain et net géingen hikréien, fir hir Projeten esou z’organiséieren, fir d'Aléanen (Saachen, déi net virauszegesi sinn, nvdr) vu gewëssene Prozeduren oder d'Dauer vun engem Projet opzefänken.

Ugeschwat op de Widdersproch vun der Politik, déi zwar seet, se wéilt méi bauen, mee net vum Fléck kënnt, dozou sot de Antoine Paccoud, datt de Staat bis rezent net vill Terrain gehat hätt. Wat awer déi lescht 10 Joer geännert hätt. D'Zuele géingen deemno weisen, datt de staatlechen Aktivismus funktionéiere géing. Mee hien huet zouginn, datt et laang dauert, bis de Staat op sengen Terraine baut. Senger Meenung no géing "d’Maschinn ufänke mat dréien".

Invité vun der Redaktioun: Antoine Paccoud

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.