Neit Cannabis-Gesetz wier mol en Ufank
E Méindeg de Moie war d'Legaliséierung vum Cannabis Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Hei am Land kéint och gutt medezinesche Cannabis ugebaut ginn, do wier een den Ament an de Prozedur fir d'Autorisatiounen. Aktuell gëtt deen nämlech nach am Ausland ugebaut. Dat sot den Norbert Eilenbecker. Den Invité vun der Redaktioun vun e Méindeg de Moie baut schonn zanter 30 Joer am Éislek Hanf mat engem THC-Wäert vu bis zu 0,3 Prozent* un. Aktuell dierfen CBD-Produiten nämlech nëmmen esou en niddregen THC-Wäert hunn.
*De Gesondheetsministère huet nom Interview richteg gestallt, dass den THC-Wäert mam neie Cannabis-Gesetz vu Juli 2023 gehéicht gouf. Deemno muss de Wäert elo ënnert engem Prozent bleiwen "à des fins non enivrantes", gëtt am Gesetz nach präziséiert.
Den Norbert Eilenbecker géing begréissen, wann dëse Wäert - esou wéi an der Schwäiz - op 1 Prozent géing gehuewe ginn. Dat wier fir d'Produktioun och méi einfach, well et virkomme kann, dass bei Dréchent den THC-Wäert an der Planz klëmmt.
Aktuell wieren awer nach vill Onkloerheeten, trotz dem neie Cannabis-Gesetz. 4 Planzen dierf ee jo elo doheem ziichten. Dat wier en Ufank, mee et wieren nach Upassungen néideg, huet den Norbert Eilenbecker gemengt.
Et géife besser Léisunge ginn, zum Beispill wa ganz Europa eenheetlech Gesetzer géing decidéieren. Nodeems Lëtzebuerg déi partiell Legaliséierung vum Cannabis decidéiert huet, huet nämlech och Däitschland en neit Gesetz ugeholl. Ma hei gëllen awer aner Reegelen, zum Beispill wat d'Autofueren ugeet. An Däitschland gëllt e Grenzwäert vun engem Nanogramm THC pro Milliliter Blutt. Hei am Land dierf guer keen THC nogewise ginn, wann ee kontrolléiert gëtt.
Hanf géif scho laang verdäiwelt a verbuede ginn, dofir wier et mol en Ufank, dass iwwerhaapt elo méi iwwer d'Thema geschwat gëtt. Mee den Norbert Eilenbecker bleift derbäi, dass Cannabis am Verglach mat Alkohol vill manner geféierlech wier. Wann ee selwer wëll Planzen hunn, sollt ee mat manner THC ufänken a sech lues eraschaffen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.