De private Logementsmaart "jäizt" no méi (auslänneschen) Investisseuren
E Freideg de Moien huet sech an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" villes ëm d'Fongen an de Logement gedréint.
Fir d'Lëtzebuerger Fongenindustrie kompetitiv ze halen, géife pragmatesch Léisunge gebraucht. Deen Appell huet de Romain Muller, Fongemanager a President vu Luxreal, enger Denkfabrick fir all d’Actuere vum Immobiliemarché, e Freidegmoien um RTL-Mikro an d'Direktioun vun CSV an DP. Hien huet sech dofir ausgeschwat, datt auslännesch Fongen an de Lëtzebuerger Immobiliemarché solle kënnen investéieren. De private Logementsmaart géing a sengen Ae nämlech no méi Investisseure "jäizen". Aktuell ginn et schonn auslännesch Investisseuren, mee déi géingen "à fonds privé" investéieren. Dem Romain Muller no géingen déi net drugoen. Et misst een och "institutionell" Investisseuren, also auslännesch Fongen Avantage ginn, fir hei a Wunnengen z’investéieren.
A verschidde Stied am Ausland goufen awer Steieren op auslännesch Investisseuren an de Steen agefouert, well déi Investissementer – op der Sich no héijem Rendement – d'Präisser nach méi an d’Luucht gedréckt hunn. Dorop ugeschwat sot de Romain Muller, datt dat eng "kontrovers" Diskussioun wier. Et misst een awer déi aktuell Situatioun um Marché kucken, wou quasi Null Projeten "an der Pipeline" wieren. Dat kéint ee "massive Problem" ginn, well wa manner gebaut gëtt d'Präisser och kéinten explodéieren. Um Enn géif et eng Fro vun Offer an Demande bleiwen, sou de Romain Muller.
Datt manner gebaut gëtt, wier dem Fongemanger no och net just op d'Zënshaussen zeréckzeféieren, déi d'europäesch Zentralbank decidéiert huet, fir déi ze héisch Inflatioun ze bremsen. Senger Meenung no wier et och, well d'aktuell DP-LSAP-Gréng Regierung ënnert anerem den amoritssement acceleré limitéiert huet. Éischtens goufen d'Tauxen an d'Period vum Amortissement reduzéiert an duerno gouf d'Mesure esou limitéiert, datt eng Persoun just nach fir maximal 2 Wunnenge ka vum Virdeel profitéieren.
De Romain Muller huet dem CSV-Deputéierten an Affekot bei Elvinger Hoss Prussen Léon Gloden mat op de Wee ginn, datt een déi Mesure nees misst esou applizéieren ewéi virdrun. Dat géing a sengen Ae och dozou féieren, datt nees méi investéiert a gebaut gëtt. Wat de Léon Gloden him geäntwert huet, huet de Romain Muller net genee gesot, mee hien huet d'Oppenheet begréisst a gemengt elo misst d'CSV ebe mat der DP verhandelen.
D'aktuell Regierung awer och de Fuerschungszenter LISER hunn ëmmer nees gewarnt, datt den amortissement acceleré fréier net dozou gefouert hätt, datt wesentlech méi gebaut gëtt a souguer d'Präisser an d'Luucht gedriwwen hätt. Och d'Patronat ass iwwerdeems fir méi steierlech Virdeeler fir den Invest. Den Direkter vun der Chambre des métiers Tom Wirion huet allerdéngs en Donneschdeg betount, datt esou Mesurë missten zäitlech begrenzt sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.