E Mëttwoch de Moie waren d'Reprochë vum Nach-Wirtschaftsminister géint d'Budgetspolitik vum Formateur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Nach-Wirtschaftsminister a geschwënn Oppositiounsdeputéierten Franz Fayot huet e Mëttwoch de Moien hei op RTL d'CSV-DP-Regierung ferm kritiséiert, iert déi iwwerhaapt steet. Esou ewéi hien dat e Samschdeg am Tageblatt an en Dënschdeg um 100,7 scho gemaach huet. Dem Franz Fayot no weisen d'Messagen aus de Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP, respektiv vum Formateur Luc Frieden, datt et mat der neier Regierung a Richtung "Austeritéit" oder "Spuercours" geet. Virun allem de Message, datt d'CSV an d’DP op alle Fall den "Triple A" wëllen erhalen.

"Lëtzebuerg ass keng Hausfra a keen Hausmann", sou de Franz Fayot. A sengen Aen dierf de Staat net eleng op d’budgetär Zuele kucken. Vill méi wichteg wier an der aktueller Situatioun en Investitiounspak iwwer 5-10 Joer an d’Infrastruktur, an d’Energietransitioun, an d’Educatioun an d’Recherche. Hie wier iwwerzeegt, datt d’Rating-Agencen dann "net just stuer op déi 30% Staatsverscholdung do kucken".

Hien huet dann och bedauert, datt d’CSV-Bedeelegung an der nächster Regierung op Walversprieche vu "méi Kafkraaft fir jiddereen" fousst, woubäi d’CSV elo géing maachen, ewéi wa se déi wirtschaftlech Kris, déi se selwer elo géing "molen", net um Radar gehat hätt. Och d’Theorie vum Luc Frieden, datt sech Steiererliichterunge selwer finanzéiere géingen duerch Wirtschaftswuesstem, dee se mat sech géinge bréngen, wier "wierklech eng Ligen", sou de Franz Fayot. Hien huet drun erënnert, datt déi Theorie duerch eng Rei international Institutiounen "diskreditéiert" gouf. Och de President vum Conseil national des finances publiques, de Romain Bausch, huet op der Tëlee en Dënschdeg deklaréiert, Steiererliichterungen kéinten zwar Wuesstem schafen, mee net iwwert Wuesstem finanzéiert ginn.

Schlecht konjunkturell Phas, mee Rebound a Siicht?

Déi negativ wirtschaftlech Zuele sinn en "europäeschen Trend", esou den Franz Fayot. Den Nach-Wirtschaftsminister huet op d’Zuele vum Comité économique et financier national reagéiert, déi dem Formateur Luc Frieden presentéiert goufen an eis virleien. Deenen Zuelen no kënnt Lëtzebuerg jo dëst Joer net laanscht eng Rezessioun. De Franz Fayot féiert dee Réckgang haaptsächlech op d’Zënshaussë vun der Europäescher Zentralbank zeréck, déi ebe grad als Objektiv haten d’Ekonomie ofzebremsen, fir esou och d’Präisdeierecht an de Grëff ze kréien. Den Nach-Wirtschaftsminister huet och erkläert, datt Lëtzebuerg mat senger Finanzplaz besonnesch vill den internationale Mäert ausgesat wier.

De Franz Fayot huet awer och gemengt, datt d’Regierung hir Hausaufgabe gemaach hätt, ewéi se wärend der Pandemie an duerno der Energie- an Inflatiounskris d’Ekonomie an d’Stéit ënnerstëtzt huet. Lëtzebuerg hätt a sengen Aen trotz Verschlechterung vun de Staatsfinanzen nach Handlungsspillraum an et wier him net "Baang" iwwert den Zoustand vum "Tissu économique". Och wann een aktuell net an enger konjunktureller gudder Phas wier, gesäit hie schonn en ekonomesche Rebound kommen.

Invité vun der Redaktioun: Franz Fayot

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.