En Donneschdeg de Moie war déi gréisst Audit- a Berodungsfirma hei am Land Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wéi de Steiertaux fir Betriber erofgesat gouf an der Vergaangenheet, huet dat zu enger "Iwwercroissance" gefouert, andeems dat méi Betriber an Aarbechtsplazen op Lëtzebuerg ugezunn huet. Dat sot de François Mousel, den neie Chef vu PwC Lëtzebuerg, der gréisster Audit- a Berodungsfirma hei am Land, den Donneschdeg de Moien hei op RTL. D'Theorie vum Formateur Luc Frieden, datt Steiererliichterunge sech duerch d'Croissance, déi se schafen, selwer finanzéieren, gouf jo vun internationalen Institutiounen, vum Statec a vum Chef vum Conseil national des Finances publiques, dem Romain Bausch, verworf. De François Mousel huet dat awer eben nuancéiert: Hie mengt, datt domadder d'Steieren op Privatpersoune gemengt sinn. Mee bei der Betribsbesteierung kéint et a sengen Ae wuel e positiven Effet ginn, wann déi erofginn.

De François Mousel sot, dee Steiertaux wier hei zu Lëtzebuerg am internationale Verglach nach ëmmer héich. Dowéinst wier et a sengen Aen "intelligent", deen Taux "liicht" erofzesetzen. Well e gesonde Wuesstem wier kruzial fir eis Zukunft, sou de François Mousel weider. De Wuesstem steiere wëllen, wéi eenzel Parteien dat wéilte maachen, dat wier "Kabes" a géing senger Meenung no ni funktionéieren.

Triple A an Investissementer wichteg

Wat den "Triple A" fir Lëtzebuerg ugeet, deen d'CSV an d'DP jiddwerfalls wëllen erhalen, deen ass dem François Mousel no "extrem wichteg", well et e "Signal vu Soliditéit" erausgëtt. Hie war awer och d'accord mam Nach-Wirtschaftsminister Franz Fayot vun der LSAP, dee sot, et misst an d'Zukunft investéiert ginn. Et misst een awer kucken, wéi vill ee géing investéiere par Rapport zu de lafenden Ausgaben an am Gesamtkader vum Triple A. Hie géing als Regierung net de Risiko vun enger Iwwerverscholdung agoen, well Lëtzebuerg e klengt Land ass.

Luxleaks ass passé

Zanter 2013 an de Revelatiounen Luxleaks, dem Stempel vun der Steierverwaltung op Taxrulingen, déi PwC ausgeschafft huet, hätt sech d'Landschaft vun den Audit-Firmen zum Positiven entwéckelt, sou de François Mousel. D'Reglementatiounen hätten immens geännert, och wann d'Bild vun engem Steier-Paradäis nach ëmmer dacks am Kapp wier. De Managing Partner vu PwC sot, dat wier awer weder fir d'Betriber, nach fir Privatleit méi de Fall.

De François Mousel huet dann och confirméiert, datt een emol vu Clientë géing gesot kréien, datt et bei den Administratiounen heiansdo schleeft. A sengen Ae wier et wichteg, datt dat ännert - am Sënn vun der Attraktivitéit vum Land.

Invité vun der Redaktioun: François Mousel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.