Um Donneschdeg de Moie waren de Logementsdësch an d'Verantwortunge vun de Gemengen Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et kéint een net op der enger Säit nokucken, wéi en enorme Bedarf u Wunnengen ass an op der anerer Säit Entreprise Faillite maachen, well se keng Aarbecht kréien. Dat huet de President vum Gemengesyndikat Syvicol, den Emile Eicher, en Donneschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert. De Staat misst intervenéieren "an zwar séier", sou den CSV-Nord-Députéierten. Dee Message wier elo "méi ewéi ukomm".

Den Emile Eicher war als President vum Syvicol, deen d'Gemengen hei am Land vertrëtt haut viru genee enger Woch mat um Logementsdësch. Nodeems d'Regierung schonn eng Rei Mesuren, dorënner steierlech Virdeeler, virdrun ugekënnegt hat, fir de Bau nees unzekuerbelen, goung et um Logementsdësch drëms, Iddien ze fannen, wéi d’Banken nees méi Kredit kéinte ginn. Haaptsächlech sollten do awer d'Prozeduren endlech vereinfacht ginn. Nom Logementsdësch goufe just zwou konkret Mesure matgedeelt: Autorisatioune sollen net méi just ee Joer, mee zwee Joer laang gëllen an e Buergermeeschter soll nëmmen nach bei gréissere Projete seng Ënnerschrëft musse ginn.

Logementsdësch, war dat alles? Nee!

Den Emile Eicher huet op 4 Aarbechtsgruppen higewisen, déi weider konkret Mesuren elo sollen am Detail klären. An engem Grupp géing zum Beispill analyséiert ginn, ob een d'EU-Direktiv iwwert d'Marchés-publicen, also d’ëffentlech Ausschreiwunge vu Projeten un Entreprisen, net méi streng applizéiert hätt wéi néideg. Da géing och iwwerpréift ginn, ob wierklech fir alles eng Autorisatioun néideg ass oder, ob et duergeet, d'Gemeng z'informéieren. Den Emile Eicher huet als Beispiller e Gaardenhaische vun 20 Meter Carré genannt, Bannen-Aarbechten, Aarbechten um Daach oder nach eng Fassade, déi misst nei gemaach ginn. Den CSV-Deputéierten a Schäffen vu Clierf huet sech fir e "Reegelwierk" oder "gutt (kommunal) Bautereglementer" ausgeschwat.

Um "silence vaut accord", enger Mesure aus dem CSV-DP-Koalitiounsprogramm, gëtt och weidergeschafft. Hei wiere 4 Méint als Delai virgesinn. Dat bedeit, datt eng Gemeng muss bannent 4 Méint eng Äntwert op eng Demande ginn, soss gëllt d'Demande automatesch als autoriséiert. Den Emile Eicher huet awer betount: "wann den Dossier och komplett ass". Donieft huet de President vum Syvicol vun der Regierung gefuerdert, datt d'Ministèren an aner Administratiounen och mat Zäit mussen hir Avise liwweren.

Natierlech misst ee sech ëmmer un d'kommunal an national Reegelen halen, sou nach dem Emile Eicher, deen als Beispill den Denkmalschutz erwäänt huet. Iwwer d'Zäit sinn an deem Beräich notamment, ëmmer nees nei Norme bäikomm. Hien huet en Donneschdeg de Moien net fonnt, datt déi "iwwerdriwwe" wieren, mee et wier "Fro vun der Applikatioun". Hien huet zouginn, datt een dacks op "rar" Etüde-Büroen ugewisen a vun deenen hiren Delaien ofhängeg wier.

Do wou d'Gemenge sech "ganz schwéier dinn", sou de Syvicol-President, dat wier bei de Prozeduren, wou et ëm d'Sécherheet geet. Do géing et dacks kontradiktoresch Norme ginn an eng Rei Acteuren, déi matmëschen, ewéi d'Gewerbeinspektioun oder de CGDIS. Dem Emile Eicher no misst een de ganze Beräich Sécherheet "gebündelt" a just een Uspriechpartner an eng eenzeg Nomenclature vun den Normen hunn.

De 7. Mäerz huet de Syvicol eng weider Entrevue mam Inneministère, wou iwwert dës an aner Pisten am Beräich vun de Prozedure weider diskutéiert gëtt.

Invité vun der Redaktioun: Emile Eicher

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.