En Donneschdeg de Moie waren den Deputéierten a säi Wiessel bei d'LSAP Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De fréiere Piratendeputéierte Ben Polidori wiesselt bei d’LSAP. No enger Rei Gespréicher, dorënner och mat CSV an DP, hätt hien decidéiert bei d’LSAP ze goen. D’Parteileedung vun der Oppositiounspartei huet dat esou acceptéiert. Ma firwat d’LSAP?

D'LSAP wier vun de Wäerter hier déi Partei, an där hie sech am beschte géif erëmfannen, sot de Ben Polidori als eisen Invité vun der Redaktioun um Radio. Hien hätt gutt Gespréicher gehat mat der Partei-Spëtzt, mä och mat der Deputéierter Liz Braz. Hie wier zu 100 % vu sengem Choix iwwerzeegt an hätt sech ëmmer fir sozial Gerechtegkeet engagéiert. Firwat dann net direkt bei d'Sozialisten? Déi Fro wär berechtegt, gëtt de Ben Polidori zou.

"Ech hu mech am Fong decidéiert, bei d'Piraten ze goen als jonk Partei. Eng Partei, déi ech awer gesinn als och eng dynamesch Partei, an eng Partei, wou ee ka matwierken. An dat war fir mech kloer d'Piratepartei. Och eng digital Partei. Ech mengen, als Informatiker, sinn ech och ganz no bei der Digitalisatioun. Et war awer och esou, an dat hat ech och eng Kéier an engem Interview gesot, d'Parteien, déi mech ëmmer ugezunn hunn, vun Ufank un, dat war wierklech d'Piratepartei, mä déi zweet war fir mech ëmmer iergendwou a mengem Bauch, a mengem Häerz, d’LSAP."
 
Hien hat zwar och Gespréicher mat anere Parteien, dat wär och "eng Saach vu Respekt", sou de Ben Polidori. Mä et wär séier kloer gewiescht, datt et d’LSAP wier. Hien hätt näischt versprach kritt, och net en vue vun de Walen 2028 - dat wier nach "ganz laang". D'Gespréicher wieren ëm Theeme gaangen, déi him wichteg sinn, ewéi d'Educatioun an d'Pensiounen. Hie wär och elo keen anere Mënsch ginn, just well hien d’Partei gewiesselt hätt.

Austrëtt bei Pirate wéinst "Konstrukt vu méi Elementer"

Déi Wäerter, déi him wichteg sinn, hätt hie bei senger fréierer Partei de Piraten net méi erëmfonnt. Ausléiser fir seng Decisioun d’Piraten ze verloossen, wiere Meenungsverschiddenheeten, mee awer och d’Malt-Affär gewiescht – ewéi d’Firma vum Sven Clement respektiv d’Partei eng App fir den Office national de l’accueil entwéckelt hat.
 
Dem Ben Polidori säin Austrëtt aus der Piratepartei huet och eng ëffentlech Schlammschluecht tëscht den aneren Piratendeputéierte Sven Clement a Marc Goergen lassgetrëppelt.
 
Wien da vun deenen zwee “de Béise” wier, wollt de Ben Polidori net soen. Hie wier wéinst dem Sven Clement bei d’Pirate gaangen, mee no manner ewéi engem Joer als Deputéierten hätt hie "verschidde Saachen net méi esou erëmfonnt" an "d’Enttäuschung wier einfach ze grouss ginn". Et wier "e Konstrukt vu méi Elementer" gewiescht, deen zu senger Decisioun gefouert hätt, d’Piraten ze verloossen.

Invité vun der Redaktioun: Ben Polidori

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.