Aarbechtsrecht keen "Hindernis " fir wirtschaftlechen Erfolleg
En Donneschdeg de Moie war déi "eenzeg Steierklass amplaz dräi" d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Et kann ee wierklech net soen, datt d’Aarbechtsrecht iergendwéi en Hindernis bis elo war fir de Succès vun der Ekonomie." Dat sot den Direkter vun der Chambre des salariés (CSL) en Donneschdeg de Moien op RTL. De Sylvain Hoffmann huet gewarnt: wann d’Aarbechtszäitorganisatioun no de Sozialronnen am Comité permanent du travail et de l’emploi (CPTE) soll diskutéiert ginn, dierft et net just drëm goen, d’Fuerderunge vum Patronat ëmzesetzen.
De Sylvain Hoffmann huet rappelléiert, datt d’Aarbechtsrecht an d’Aarbechtszäitreegelung do wieren, fir de Salarié ze schützen. An deem Sënn huet de Vertrieder vun de Salariéeën d'Géigeproposë gemaach, fir e bessere Schutz géint psycho-soziale Risiken, méi Rechter sech ze forméieren, oder nach besser Mechanismen, fir am Fall vu Restrukturatioune vu Betriber d’Leit ze protegéieren.
Den Direkter vun der CSL wollt och net de Constat vum Patronat ganz deelen, datt et Problemer an der Ekonomie ginn. Hien huet op d’Rekordbenefisser op der Finanzplaz higewisen. A wann et am Neibau net gutt dréint, da wier dat jo net wéinst ze héije Standarden am Aarbechtsrecht. Hien huet och drop higewisen, datt et schonn eng Rei Méiglechkeete géif ginn, fir iwwer d'Kollektivverträg d’Aarbechtszäit méi flexibel z’organiséieren.
Wéi kritt een da méi Kollektivverträg? Hei huet hie proposéiert, datt ee Marché public zum Beispill prioritär u Betriber sollt ginn, déi e Kollektivvertrag hunn. Op d’Remark, datt dat déi kleng Betriber nees géing bestrofen, huet hie geäntwert, datt déi jo da kéinte Kollektivverträg aushandelen. Donieft géing et d’Méiglechkeet vu sektorielle Verträg ginn.
Renten: "Degradatioune" verhënneren
De Sylvain Hoffmann huet begréisst, datt d’Regierung net méi Wëlles huet, un d’Kollektivvertragswiesen ze goen. Wat de Pensiounssystem ugeet, do wollt den Direkter vun der CSL d’aktuell Verhandlungen net kommentéieren. Och net déi nei Pisten, déi onsen Informatiounen no en Zeréckruddere vun der Regierung erëmspigelen.
Hien huet awer generell d’Propos vu Säite vun der CSL rappelléiert: wann de System an e finanziellen Desequiliber geréit, misst een "einfach méi Recetten an de System stiechen". Méi laang ze schaffen, misst een op enger fräiwëlleger Basis ubidden. Eng Deelzäit-Rent géing et nach net ginn oder e "pacte des âges" bei deem Betriber de Salariéeë Loscht ginn, méi laang ze schaffen.
Der CSL wier virun allem wichteg, datt "Dégradatioune" verhënnert ginn, déi duerch d’Reform vun 2012 riskéieren d’nächst Joer a Kraaft ze trieden: d’Ewechfale vun der Allocation de fin d’année oder nach eng Reduktioun vum Reajustement (eng Upassung un d’Lounentwécklung, déi bei d’Indexéierung bäikënnt).
Barème Unique – "de Choix verléiert ee jo net"
D’Pist vum Finanzminister Gilles Roth, fir aus den aktuellen dräi Steierklassen ee Barème unique ze maachen, huet de Sylvain Hoffmann als "Upassung un eng Realitéit ewéi se haut ass" bezeechent. Duerch déi dräi Klasse géing et aktuell dacks "komesch" Situatioune ginn, zum Beispill wann eng Persoun aus der Steierklass 2 duerch eng Scheedung oder den Doud vum Partner no 3 Joer an d’Klass 1A fält an dann "eng op den Deckel kritt" a méi Steiere muss bezuelen.
"De Choix verléiert ee jo net", esou den Direkter vun der CSL zur Kritik vun der ADR, well Stéit, an deene just ee schaffe geet, mam neie Barème unique méi Steiere misste bezuelen. Hie sot: "Et ass ebe just effektiv esou, datt déi Kompositioun, wou deen ee schaffe geet an deen anere praktesch guer net, datt dat steierlech net méi esou bevirdeelegt gëtt, ewéi dat am Moment de Fall ass." Mam Barème unique géing een éischter deene Stéit, an deenen déi zwee Partner schaffe ginn, méi Rechnung droen.
De Sylvain Hoffmann huet awer hannerfrot, ob d’Transitiounsphas vun 20 Joer, déi de Finanzminister fir d’Steierklass 2 proposéiert, laang genuch wier. An hien huet bedauert, datt d’Steiertabell net un all déi nächst Indextranche géing ugepasst ginn, fir de Verloscht u Recettë beim Staat ze limitéieren.
Wann een de Barème net upasst, wier dat eng Steierhausse: D’Leit aus der Steierklass 1A géinge senge Berechnungen no deemno wéi am Joer 2028 ronn 700 Euro méi Steier bezuelen, wann de Barème net berengegt géing ginn. D’Entlaaschtung fir Jonggeselle wier och méi kleng ewéi gemengt. Eng Entlaaschtung vun der Mëttelschicht, misst dem Direkter vun der CSL no duerch e méi "gestaffelte" Barème geschéien an d’Géigefinanzéierung duerch méi Steieren op héije Revenuen a Kapitalerträg. "Ech mengen net, datt et soll bei deem heite bleiwen", esou de Sylvain Hoffmann.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.