"Dat Wichtegst ass, elo no vir kucken"
E Mëttwoch de Moie war d'Sozialronn Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’CSV-DP-Koalitioun "weess, wou se hiwëll" a steet "geschlossen do". Dat huet den Aarbechtsminister Georges Mischo eng Woch virun der nächster Sozialronn dëse Mëttwoch hei op RTL deklaréiert. Haut aacht Deeg verhandelt d’Regierung fir déi drëtte Kéier nees mam Patronat a mat de Gewerkschaften iwwert d’Sonndesaarbecht, d’Ouvertureszäiten an d’Renten.
De Georges Mischo gesäit keen Désaveu doranner, datt d’Pläng vun der Regierung, fir d’Kollektivverträg ze verwässeren, an d’Waasser gefall sinn. A sengen Ae misst een Diskussiounen "ustoussen", mee heiansdo eben "zeréckrudderen". Hie géing elo net méi zeréckkucken, mee no vir.
D’Aarbechtszäitorganisatioun soll elo am Comité permanent du travail et de l’emploi, dem CPTE, weider diskutéiert ginn. Do wou Patronat a Gewerkschaften an deene Froen déi lescht Joren awer och net op e gréngen Zweig koumen. De Georges Mischo sot, hien hätt awer Hoffnung, "datt mir vläicht net alles duerchkréien (...), mee datt mer bei enger Rei Punkten vläicht e Konsens fannen". Hie geet net dovunner aus, datt alles an enger Kéier kéint diskutéiert ginn, mä zwee bis dräi Rendez-vousen néideg wieren. Et géing awer och "keng enorm Urgence" ginn.
E "Geben und Nehmen"
De Gesetzprojet fir déi legal Sonndesstonnen am Commerce vu 4 op 8 eropzesetzen huet den Aarbechtsminister schonn deposéiert, mee RTL-Informatiounen no gouf et do och eng "marche-arrière": dat soll awer iwwert Kollektivverträg mat de Gewerkschafte gereegelt ginn. Verhandelt gëtt déi nächst Woch nach doriwwer, wéini e Betrib als klenge Betrib ugesi gëtt, fir dee kee Kollektivvertrag néideg wier. D’Gewerkschafte soen, et wiere Betriber mat manner ewéi 15 Leit an d’Patronat setzt d'Zuel bei 49 un. De Georges Mischo sot hie wier "bal iwwerzeegt, datt een och an deem Punkt e Konsens géing fannen."
Wat d’Pensiounen ugeet, huet d’Regierung och scho Waasser an hire Wäi geschott. Riskéiert et net op eng "Reformette" erauszelafen? De Georges Mischo huet dorobber geäntwert: "Et muss een net onbedéngt mathematesch e Genie sinn, fir erauszefannen, datt éischtens Mol déi Jonk méi spéit schaffen a mir liewe vill méi laang." Den Aarbechtsminister huet awer am selwechten Otemzuch op de Manktem u Main d’oeuvre higewisen, deen et géing ginn, an dat esouwuel fir qualifiéiert ewéi onqualifizéiert Personal.
Skillspläng a KI-Moduller
An deem Zesummenhang hu mir mam Aarbechtsminister och iwwert den Impakt vun der kënschtlecher Intelligenz op den Aarbechtsmaart geschwat. Bei Byborg, enger Duechtergesellschaft vun Docler Holding solle jo 115 vun 170 Plazen deelweis wéinst KI ofgebaut ginn. De Georges Mischo huet op d’Etüd vun enger skandinavescher Consultingfirma «IM_» higewisen, där no just 6 Prozent vun den Jobs hei am Land duerch KI kéinten ersat ginn. 72 Prozent géingen transforméiert ginn.
D’Regierung hätt eng Strategie fir d’Leit ze begleeden, dorënner mam Gesetz iwwert "d’Skillspläng", also Pläng fir Kompetenz vu Salariée viraussiichtlech forméiert ginn, dat schonn am Juni gestëmmt gouf.
Hien huet zouginn, datt een net d’Leit vun engem Beruff "Eent zu Eent" op en anere Beruff kéint ëmkonvertéieren. Mee hien erwaart sech vill vun de "KI-Moduller", déi d’Adem, d’Agence fir den Emploi, vun nächstem Joer u wäert ubidden.
Tëscht "reisdenden", "kompetenten" a "loyale" Beamten
Mir hunn de Georges Mischo op d’politesch Beamten ugeschwat. Reporter.lu huet am Aarbechtsministère besonnesch vill Departen nom Regierungswiessel festgestallt. Den CSV-Minister sot, hie géing no de "Kompetenze" kucken a wéilt just, datt d’Beamte "loyal" sinn.
Hien huet als Beispiller säi Chef de service fir den Emploi an e Member vu sengem Cabinet genannt, déi aus der LSAP wieren, déi de Ministère tëscht 2013 an 2023 hat.
«Bei mir gëtt keen agestallt, well hien eng Parteikaart huet. A bei mir gëtt sécher och kee vergrault, well en eng Parteikaart huet", esou nach de Georges Mischo. Hie sot awer och nach: "Reisende soll man nicht aufhalten."
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.