Dylan Pereira start als 9. bei der éischter Course zu Monza

Den Dylan Pereira am Asaz zu Zandvoort. / © ATP / Arthur Thill (Archiv)
De Weekend mécht de Porsche Supercup Statioun zu Monza.
Direkt zwou Courssen, déi lescht vun der Saison, stinn hei um Programm. E Samschdeg de Moie goufe de Qualifying gefuer an do konnt sech den Ayhancan Guven mat enger Zäit 1:49.025 d'Pole Position sécheren. Fir de Lëtzebuerger Dylan Pereira ass et déi 9. Plaz mat 1:49.530.

Well e Samschdeg an e Sonndeg Coursse gefuer ginn, gëtt et och just e Qualifying. Fir d'Startopstellung zielt um Samschdeg d'Beschtzäit an fir e Sonndeg déi zweet Beschtzäit.
E Samschdeg um 18.20 Auer gëtt dann zu Monza déi éischt Course vum Weekend gefuer. E Sonndeg um 12.25 Auer ass et dann deen zweete Rendez-vous. Dat Ganzt kënnt Dir live op RTL ZWEE, am Stream op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren.