Formel-1-Spektakel zu MonzaStrof fir Verstappen no Kollisioun mam Hamilton

RTL Lëtzebuerg
Beim Grousse Präis vun Italien waren de WM-Leader an de Weltmeeschter an der Hallschent vun der Course aneneegerannt.
© AFP

De Max Verstappen ass fir de Crash mam Lewis Hamilton wärend dem Grousse Präis vun Italien zu Monza bestrooft ginn. Den 23 Joer alen Hollänner gëtt beim Grand Prix an zwou Wochen zu Sotschi dräi Plazen an der Startopstellung no hanne versat. Dat hunn d’Kommissäre vun der Course e Sonndeg den Owend bekannt ginn. Si hunn dem Red-Bull-Pilot deemno d’Haaptschold um Accident ginn.

Hie géing ënner Schock stoen, sou den Hamilton an deem Moment, wou d’Urteel matgedeelt ginn ass. “Ech sinn esou dankbar, datt ech hei sëtzen”, sou nach de 36 Joer ale Mercedes-Pilot. Duerch de Cockpitschutz Halo ass de Britt net blesséiert ginn, wéi de Red Bull mam hënneschte Pneu genau iwwert sengem Kapp opgesat hat.

Back to Top
CIM LOGO