De Valentino Rossi ass a senger leschter Course den 10. ginn an an der Moto2 ass den Titel un de Remy Gardner gaangen.

De MotoGP-Vizeweltmeeschter Francesco Bagnaia huet d’Saison 2021 zu Valencia mat enger Victoire ofgeschloss. Den Italiener huet sech virum Jorge Martin an dem Jack Miller duerchgesat. Domadder huet sech d’Wierksteam vun Ducati net nëmmen den Team-Weltmeeschtertitel geséchert, ma dierf sech och iwwert déi éischt Dräifachvictoire an der Geschicht vun der Motorrad-WM freeën. De Weltmeeschter Fabio Quartararo ass dee 5. ginn.

E Sonndeg huet mam Valentino Rossi och ee ganz grousse Sportler d'Bün vun der MotoGP verlooss. Den Italiener ass zu Valencia seng lescht Course gefuer. Hien ass dobäi deen 10. ginn an huet sech duerno vun de ville Fans ronderëm d’Streck a vu sengem Team feiere gelooss.

An der Moto2 ass e Sonndeg an der leschter Course eréischt d'Decisioun ëm den Titel gefall. Um Enn ass dem Leader Remy Gardner eng 10. Plaz duergaangen, fir sech den Titel ze sécheren. Säi grousse Konkurrent Raul Fernandez huet d'Course gewonnen. De Spuenier muss sech mat engem Réckstand vu 4 Punkte mat der zweeter Plaz am General zefridde ginn.

An der Moto3 huet sech de Xavier Artigas déi lescht Victoire vun der Saison geséchert. De Pedro Acosta, dee scho virun der Course als Champion feststoung ass net ukomm.

Kuckt d'Courssen elo am Replay op RTL Play.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Francesco BAGNAIA ITA Ducati Lenovo Team Ducati
2 Jorge MARTIN SPA Pramac Racing Ducati +0.489
3 Jack MILLER AUS Ducati Lenovo Team Ducati +0.823

Moto2

1 Raul FERNANDEZ SPA Red Bull KTM Ajo Kalex
2 Fabio DI GIANNANTONIO ITA Federal Oil Gresini Moto2 Kalex +0.517
3 Augusto FERNANDEZ SPA Elf Marc VDS Racing Team Kalex +0.786

Moto3

1 Xavier ARTIGAS SPA Leopard Racing Honda
2 Sergio GARCIA SPA Valresa GASGAS Aspar Team GASGAS+0.043
3 Jaume MASIA SPA Red Bull KTM Ajo KTM +0.232

De General

MotoGP

1 Fabio QUARTARARO Yamaha FRA 278
2 Francesco BAGNAIA Ducati ITA 252
3 Joan MIR Suzuki SPA 208

Moto2

1 Remy GARDNER Kalex AUS 311
2 Raul FERNANDEZ Kalex SPA 307
3 Marco BEZZECCHI Kalex ITA 214

Moto3

1 Pedro ACOSTA KTM SPA 259
2 Dennis FOGGIA Honda ITA 216
3 Sergio GARCIA GASGAS SPA 188