Marco Bezzecchi gewënnt 1.000 Grand Prix

© AFP
An enger turbulenter Course sinn nëmmen 13 Fuerer iwwert d'Arrivée gefuer.
E Sonndeg ass zu Le Mans a Frankräich deen 1.000 Grand Prix an der Geschicht vun der Motorrad-Weltmeeschterschaft gefuer ginn. Freeë konnt sech um Enn de Marco Bezzecchi (VR46). De Pramac-Duo Jorge Martin a Johann Zarco stoung och nach um Podium.
Net ukomm sinn ënnert anerem e Sonndeg de Francesco Bagnaia an de Maverick Vinales. Béid Pilote hu sech bei engem Iwwerhuelmanöver beréiert a si gefall. Domadder war d'Course gelaf.
Am WM-Klassement läit de Bagnaia elo just nach ee Punkt virum Bezzecchi. De Brad Binder ass mat engem Réckstand vun 13 Punkten den Drëtten.
An der Moto2 huet sech den Tony Arbolino op Kalex déi zweete Victoire an dëser Saison geséchert. Den Italieener iwwerhëlt domadder d'Féierung am General. Op de Podium sinn nach de Filip Salac an den Alonso Lopez gefuer. Den Zweeten am General Pedro Acosta ass eidel ausgaangen, dat no enger Chute.
An der Moto3 war e Sonndeg de KTM-Pilot Daniel Holgado de Séiersten. Mat senger zweeter Victoire an dëser Saison baut hien d'Féierung am General aus. Zweeten ass den Ayumu Sasaki ginn an de Jaume Masia huet de Podium komplettéiert.
Um RTL Play fannt Dir d'Courssen am Replay.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Marco Bezzecchi VR46 Ducati 41:37.970
2 Jorge Martin Pramac Ducati 4.256
3 Johann Zarco Pramac Ducati 4.795
Moto2
1 Tony Arbolino Kalex 22:34.233
2 Filip Salac Kalex 0.620
3 Alonso Lopez Boscoscuro 1.537
Moto3
1 Daniel Holgado KTM 34:07.176
2 Ayumu Sasaki Husqvarna 0.150
3 Jaume Masia Honda 0.946
De General
MotoGP
1. Francesco Bagnaia 94
2. Marco Bezzecchi 93
3. Brad Binder 81
Moto2
1. Tony Arbolino 99
2. Pedro Acosta 74
3. Alonso Lopez 61
Moto3
1. Daniel Holgado 84
2. Ivan Ortola 63
3. Jaume Masia 63