A Japan ass de Weekend de leschte Rallye vun der Weltmeeschterschaftssaison 2023 gefuer ginn.

An der WRC Rally-Weltmeeschterschaft huet bei der leschter Course vun der Saison Toyota en Dräifach-Succès gefeiert. A Japan huet den Elfyn Evans e Sonndeg de Moie mat groussem Virsprong virum Fransous Sébastien Ogier an dem Weltmeeschter Kalle Rovanperä aus Finnland gewonnen.

D'Rallye war schonn e Freideg de Moien decidéiert. Kräftege Reen huet d'Klassement duerchernee gehäit an huet schonn an der Ufanksphas fir grouss Ofstänn gesuergt.

Den Elfyn Evans ass mat de Bedingungen am beschten eens ginn an huet sech un d'Spëtzt gesat. Dës Positioun huet den Toyota-Pilot bis zum Schluss net méi hierginn.

De Grégoire Munster op Ford war a Japan laang Zäit ganz staark ënnerwee. Bis déi 20. Speciale louch de Lëtzebuerger an den Top 10, ma huet dunn no enger Sortie missen opginn. Schonn an der 18. Speciale hat hien eng Sortie, ma konnt deen Ament awer nach weiderfueren.

De Munster huet duerch säin Out den Titel an der WRC2 verpasst. Dësen ass un den Andreas Mikkelsen (Skoda) gaangen.

Zejoert hat de Munster a Japan d'RC2-Kategorie iwwerraschend op engem Hyundai i20 gewonnen, wat him d'Dieren opgemaach hat, fir dës Saison e Kontrakt bei M-Sport Ford ze kréien.

Virun 2 Woche war et dann och d'Nouvelle, dass de Grégoire Munster nominéiert gouf, fir d'Wiel zum Sportler vum Joer.

Et däerf een also gespaant sinn, wat no dëser Saison nach usteet fir de jonke Lëtzebuerger.