Grégoire Munster mat beandrockender Leeschtung - nach 6 Speciallen ze fueren

© Nikos Katikis / AFP
Beim leschte Rallye vun der Weltmeeschterschaftssaison 2023 konnt de Grégoire Munster déi éischt zwee Deeg fir vill Opmierksamkeet suergen.
En Donneschdeg schonn ass et lassgaange mam Rallye a Japan an et war d'Meteo, déi deem ganzen de Stempel opgedréckt huet. Et huet phaseweis sou uerg gereent, dass d'Pilote mat extreemem Aquaplaning ze kämpfen haten.
Et sollt dann och net laang daueren, bis déi éischt Equipagen dorënner gelidden hunn. De Lokalmatador Takamoto Katsuta war duerch Aquaplaning chancëlos op engem Ubremspunkt an huet e Bam frontal ze pake kritt. E konnt zwar mat dem beschiedegte Yaris weiderfueren, huet awer 2min30 op de Leader verluer.
Manner Chance haten den Dani Sordo (Hyundai) an den Adrien Fourmaux (Ford). Si sinn op genee der selwechter Plaz vun der Streck ofkomm an hunn hire Won e Stack méi déif am Bësch mussen ofstellen.
Tweet Sordo/Fourmaux
Aner Piloten hunn et zwar bis op d'Arrivée gepackt, ma haten deels keng Siicht, well d'Fënstere bannen ugelaf waren, oder si ware wéi op Eeër ënnerwee, well d'Waasser nëmme sou iwwert d'Stroosse gelaf ass.
Op der 3. Special huet de Lëtzebuerger-Belschen Duo Munster/Louka en éischt Ausrufezeeche gesat. Si konnten déi 4.-bescht Zäit fueren... nach viru Leit wéi Ogier, Rovanperä oder Lappi, déi op de méi staarke Rally1-Autoe fueren, iwwerdeems de Grégoire Munster beim Rallye a Japan nees mam Ford Fiesta Rally2 ënnerwee ass. Bei de Rallyen an Chile a Central European Rallye war hie jo mam Ford Puma Rally1 vum Jourdan Serderidis gefuer a konnt och do iwwerzeegen.
No 8 vun 22 Speciallen louche Munster/Louka a Japan op Plaz 5 am General, nëmme 4,8 Sekonnen hannert dem neie WRC2-Weltmeeschterduo Mikkelsen/Eriksen op Skoda Fabia RS Rally2.

© Nikos Katikis / AFP
Eiser Zäit an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg stoungen du weider 8 Speciallen um Programm. Och hei blouf den Duo Munster/Louka ganz staark an de Kampf ëm de Lead an der RC2-Kategorie mat Mikkelsen/Eriksen blouf spannend.
Pilote wéi Lappi, Tänak a Katsuta konnten mat hiren RC1-Boliden am General zwar nees u Mikkelsen a Munster laanschtzéien, wat bei méi konstante Bedingungen elo keng Iwwerraschung war, ma de Grégoire Munster an de Louis Louka hunn no 16 Speciallen déi 8. Plaz am Generalklassement, just 8,3 Sekonnen hannert Mikkelsen/Eriksen.
Un der Spëtzt ass et virum leschten Dag eng dräifach-Féierung fir Toyota mat Evans, Ogier a Rovanperä.

© Luca Barsali / AFP
Eiser Zäit um Samschdeg den Owend 23.05 Auer geet et lass mat der 17. Special (Lokalzäit 7.05 Auer). D'Powerstage, also déi lescht Special vum Rally Japan ass dann e Sonndeg de Moien um 6.15 Auer eiser Zäit.
Op de leschte 6 Specialle wäert de Lëtzebuerger, deen och déi belsch Nationalitéit huet, alles dru setzen, fir nach d'RC2-Kategorie ze gewannen, an domat seng WM-Saison mat engem weideren Héichpunkt ofzeschléissen.

© Nikos Katikis / AFP
Zejoert konnt de Munster a Japan d'RC2-Kategorie iwwerraschend op engem Hyundai i20 gewannen, wat him d'Dieren opgemaach huet, fir dës Saison e Kontrakt bei M-Sport Ford ze kréien.
Virun 2 Woche war et dann och d'Nouvelle, dass de Grégoire Munster nominéiert gouf, fir d'Wiel zum Sportler vum Joer.
Et däerf een also gespaant sinn, wat no dëser Saison nach usteet fir de jonke Lëtzebuerger.