D’F1 huet ugekënnegt, dass de Spuenien-GP vun 2026 un zu Madrid organiséiert gëtt. Ronderëm d’Foireshale gëtt en neie Stadcircuit gebaut.

De Grousse Präis vu Spuenien plënnert vu Barcelona op Madrid. D’Foiresgesellschaft vu Madrid (IFEMA) wäert ronderëm d’Foireshalen en neie Stadcircuit bauen. Dee soll 5,47 Kilometer laang sinn, 20 Kéieren hunn, an am Quali eng Ronnenzäit vun 1’32" erméiglechen. Donieft sinn och e modernt Boxegebai an Tribüne fir 110.000 Spectateure geplangt. Den éischte Madrid-Grand-Prix ass fir 2026 geplangt. Den neie Kontrakt leeft bis 2035.

Domadder riskéiert d’F1-Kapitel um Circuit de Barcelona-Catalunia, no 2025 op en Enn ze goen. Zënter 1991 gouf de Grousse Präis vu Spuenien 33 mol op der Streck vu Montmeló ausgedroen. Virun allem d’F1-Ingenieure géife Barcelona vermëssen.

Den F1-RTL-Expert Dominique Riefstahl: "Et wier schued, well Barcelona ass technesch gesinn ee vun den allerbeschte Circuiten. E kombinéiert High-Speed- a Low-Speed-Passagen, du hues vill Wiessel an der Balance vum Auto iwwert de ganzen Tuer an och d’Pneuegestioun ass net einfach. Et ass de perfekte Circuit fir ze testen, mee leider gouf an de Courssen net vill iwwerholl."

Eventuell kënnt de Circuit vu Barcelona awer och no 2025 Deel vum F1-Kalenner bleiwen. Méiglech wär beispillsweis e Grousse Präis vu Katalounien.

D’F1 argumentéiert, dass de Circuit vu Madrid perfekt un den ëffentlechen Transport ugebonnen ass. D’Foireshalen IFEMA leien um hallwe Wee tëschent dem Stadzentrum an dem Flughafen, hunn en eegene Metro-Uschloss, an et gi vill Hoteller ronderëm. D’F1 geet dovunner aus, dass 90 Prozent vun de Spectateuren zu Fouss oder mam ëffentlechen Transport op de Grand-Prix komme kënnen.

Et ass iwwregens net déi éischten Zesummenaarbecht tëschent F1 an IFEMA. Am Fréijoer 2023 war an de Foireshale vu Madrid schonn d’Weltpremière vun der grousser "F1 – The Exhibition". Déi spuenesch Press hat schonn deemools spekuléiert, dass d’F1-Expo nëmmen en éischten Test en Vue vun engem Madrid-Grand-Prix wier.

RTL

© Formula1.com