Wout van Aert léisst Christophe Laporte de Virtrëtt

© AFP
Domat huet déi Belsch Ekipp Jumbo-Visma eng duebel Victoire gefeiert. Bei der éischter Dammen-Editioun kënnt d'Christine Majerus op déi 12. Plaz.
Bei reenerege Konditiounen huet de Christophe Laporte sech d'Victoire bei der Course vu Gent op Wevelgem geséchert. Hie setzt sech viru sengem Teamkolleeg Wout van Aert duerch, deen him d'Victoire iwwerlooss huet. De Belsch an de Fransous hate sech 53 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton ofgesat a goufen duerno net méi ageholl. Fir de Wout van Aert war et e weidert gutt Resultat, nodeems hien eréischt virun zwee Deeg den E3 Saxo Classics gewonnen hat.
Am Kampf ëm déi drëtt Plaz ass d'Decisioun knapp 5 Kilometer virun der Arrivée gefall, wéi sech de Mads Pedersen, de Florian Vermeersch an de Sep Vanmarcke vum Peloton ofgesat haten. Op de leschte Meter koum et zum Sprint ëm déi lescht Plaz um Podium, wou sech de Sepp Vanmarcke duerchgesat huet. De Florian Vermeersch gëtt Véierten, déi fënneft Plaz ass fir de Mads Pedersen.
No 261 Kilometer kënnt den Alex Kirsch mat engem Retard vun 3 Minutten an 33 Sekonnen als 26. an d'Zil. Den zweete Lëtzebuerger Bob Jungels war wéinst Krankheet net un den Depart gaangen.
Fir d'Damme war et déi éischt Editioun vun der Course vu Gent op Wevelgem. Hei gewënnt d'Marlen Reusser, Teamkolleegin vum Christine Majerus, en solitaire mat enger Avance vun 2 Minutten an 42 Sekonnen op de Peloton. D'Christine Majerus klasséiert sech op der 12. Plaz a kënnt an der selwechter Zäit wéi déi Zweetplacéiert Megan Jastrab un. D'Lëtzebuergerin war an enger Echappée vu sechs Fuererinnen, mee déi Grupp gouf um leschte Kilometer virun der Arrivée nach vum Peloton agefaangen.
D'Klassement vun den Hären
1 Christophe Laporte 5:49:39
2 Wout van Aert +0:00
3 Sep Vanmarcke +1:56
4 Frederik Frison +1:56
5 Mads Pedersen +1:56
6 Mikkel Bjerg +1:56
7 Alexis Renard +2:04
8 Olav Kooij +2:04
9 Danny van Poppel +2:04
10 Daniel McLay +2:04
....
26 Alex Kirsch +3:33