Den 1. Juli fänkt déi 110. Editioun vum Tour de France un an e Méindeg huet d'Ekipp Lidl-Trek d'Selektioun vum Lëtzebuerger confirméiert.

No Jungels a Geniets: Och Alex Kirsch beim Tour de France um Depart
Den 1. Juli fänkt déi 110. Editioun vum Tour de France un an e Méindeg huet d'Ekipp Lidl-Trek d'Selektioun vum Lëtzebuerger confirméiert.

Fir den Alex Kirsch ass et no 2022 déi zweet Participatioun am Tour de France. D'lescht Joer hat hien allerdéngs schonns op der 6. Etapp missen opginn. Den 31 Joer ale Coureur wäert mat breeder Broscht an den Tour kënnen eragoen, well hie konnt sech d'lescht Woch souwuel am Zäitfuere wéi och bei der Course en ligne de Championstitel sécheren.

Domadder sinn elo dräi Lëtzebuerger sécher beim Tour de France mat dobäi. Scho Mëtt Juni hat Groupama - FDJ d'Selektioun vum Kevin Geniets bekannt ginn. Fir hien ass et déi 2. Participatioun bei der Grande Boucle. Kuerz dono hat och BORA-hansgrohe déi 5. Participatioun vum Bob Jungels annoncéiert.