"D'Marie gehéiert zu deene Weltbeschten am Cyclocross"
De Lëtzebuerger Nationaltrainer Jempy Drucker huet am RTL-Interview de Bilan vum Cyclocross-Championnat gezunn.
De Weekend sinn um Hesper Holleschbierg déi nei Lëtzebuerger Championen am Cyclocross gesicht ginn. De Lëtzebuerger Nationaltrainer Jempy Drucker huet am RTL-Interview de Bilan vum Cyclocross-Championnat gezunn. Mam Tom Flammang huet hien zeréckgekuckt op déi spannend Courssen, huet e Bléck a Richtung WM gehäit an huet iwwert déi exzeptionell Leeschtunge vum Marie Schreiber geschwat.
All d'Resultater, Fotoen a weider Reaktioune vum Cyclocross-Championnat fannt Dir hei am Artikel.
Den Iwwerbléck vun de Championen
Hären
Elite: 1. Loïc Bettendorff (Global 6), 2. Raphaël Kockelmann (Sebmotobikes), 3. Ken Conter (Snooze)
U23: 1. Mats Wenzel (Lidl), 2. Mathieu Kockelmann (Lotto-Kern Haus), 3. Mil Morang (Lotto-Kern Haus)
Junioren: 1. Rick Meylender (UC Dippech), 2. Jonah Flammang-Lies (UC Dippech), 3. Yannis Lang (CT Atertdaul)
Débutants: 1. Ben Koenig (CT Atertdaul), 2. Dawson Fehlen Pereira (CT Kayldall), 3. Loïc Gouveia (LP Schëffleng)
Masters: 1. Tommy Arnoldy (Topsport Réiserbann), 2. Marc Rolf Indergand (Topsport Réiserbann), 3. Tom Flammang (LG Bartreng)
Dammen
Elite: 1. Marie Schreiber (SD Worx), 2. Christine Majerus (SD Worx), 3. Isabelle Klein (Toproad Réiserbann)
U23: 1. Liv Wenzel (CT Atertdaul), 2. Anouk Schmitz (UC Dippech), 3. Layla Barthels (CT Atertdaul)
Juniorinnen: 1. Gwen Nothum (UC Dippech), 2. Lisi Schmitz (CT Atertdaul)
Débutantes: 1. Kylie Bintz (Velosfrënn Gusty Bruch), 2. June Nothum (UC Dippech), 3. Elena Lopes (Hirondelle Schëtter)
Masters: 1. Suzie Godart (CCI Déifferdeng)