
Dës Woch ass de Gilles Muller Invité am Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk”.
De fréieren Tennis-Profi huet mam Jeff Kettenmeyer a Franky Hippert iwwert säi Liewen no der Karriär geschwat a wéi eng Projeten hien den Ament huet.
Donieft geet et awer och ëm seng grouss Karriär, seng éischt Renconter mam André Agassi an engem vun de gréisste Sportmomenter an der Lëtzebuerger Geschicht, der Victoire géint de Rafael Nadal.
De komplette Podcast mam Gilles Muller fannt Dir och op Spotify an Itunes.
All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.
Episod 1 mam Laurent Schwartz iwwer BasketEpisod 2 mam Dany Scholten iwwer HandballEpisod 3 mam Fabio Marochi, dem President vum Progrès Nidderkuer Episod 4 mam Rob Thillens iwwer seng 8 Joer als SportkommissärEpisod 5 mam Dan Maas iwwert d’Organisatioun vun engem WTA-TournoiEpisod 6 mam Ralph Diseviscourt iwwert säi 24-Stonne-WeltrekordEpisod 7 mam Dylan Pereira iwwert seng Saison am Porsche SupercupEpisod 8 mam Christian Wolfers iwwert de MotorsportEpisod 10 mam Bob Jungels iwwert eng komplizéiert Saison a seng Zukunft bei AG2REpisod 11: Mam Ken Diederich iwwert de Basket zu LëtzebuergEpisod 12 mam Luc Holtz iwwer d’Nations League an den neie StadionEpisod 13 mam Alex Kirsch iwwert d’Corona-Zäit a seng Zukunft am PelotonEpisod 14 mam Georges Mischo iwwer d’Sportstad Esch a vill nei Projeten
