Bei den Dammen huet Esch an enger eesäiteger Partie Hesper vun Ufank u keng Chance gelooss, a gewannen mat 87:27.

E Sonndeg war et am Basket d'Suite vun den Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg. Bei den Damme war et eng souverän Victoire fir Esch. Bei den Häre kann Ettelbréck no der Victoire géint Walfer fir d'Finall plangen.

Um Samschdeg den Owend hate sech bei den Häre schonns d'Musel Pikes no enger staarker Schlussphas mat 81:76 géint de Basket Esch konnte behaapten. Bei den Dammen hat sech an enger spannender Partie de Gréngewald no der 56:53-Victoire géint d'Musel Pikes den Ticket fir d'Finall geséchert.

RTL

Déi Ettelbrécker feieren hir Victoire mat de Fans. / © Shari Shenten

Résidence Walfer - Etzella Ettelbréck 79:92 (39:46)

Walfer huet e ganz gudden 1. Véierel gespillt, an huet ëmmer erëm de Wee ënnert de Kuerf gesicht, a sou si se zu einfache Punkte komm. Etzella hat Schwieregkeeten an de Match ze kommen, a si sinn net richteg un d'Rulle komm. Einfach Schëss hu sou de Wee net an de Kuerf fonnt. Walfer, déi aus der Nationale 2 kommen, a mat engem Virsprong vun 10 Punkten an de Match gaange sinn, hunn dësen engagéiert verdeedegt an am 1. Véierel souguer liicht ausgebaut. Mat engem 28:17-Virsprong ass Walfer an den 2. Véierel gaangen.

An den zweeten 10 Minutten ass Ettelbréck besser an de Match komm, a sou konnten d'Spiller vum Trainer Basic no 15. Minutten de Score ausgläichen. Kuerz drop louch d'Etzella fir déi 1. Kéier an dësem Match mat 34:32 a Féierung. Walfer huet sech an der Offensiv schwéier gedoen, et huet hinnen einfach un Optioune gefeelt. Bei der Etzella waren et virun allem déi béid Amerikaner, déi am 2. Quarter 24 vun den 29 Punkte fir hir Faarwe markéiert hunn. No engem 10:0-Laf sinn déi Ettelbrécker mat 46:39 an d'Paus gaangen.

4 Dréier am 3. Véierel, immens séiere Basket an eng gutt Defense huet Ettelbréck no der Paus op den Terrain bruecht. Walfer konnt näischt méi dogéint setzen, an et hat een d'Impressioun, dass si sech e bësse geschloe ginn, sou huet de Coach keen Time-Out gefrot, fir seng Ekipp nach emol nei anzestëmmen. Sou ass Walfer mat 51:73 an de leschte Véierel gaangen.

Walfer huet wuel alles probéiert, an huet sech net hänke gelooss. Duer goe sollt et awer um Sonndeg den Owend net méi, sou dass dëse Match mat 79:92 verluer geet. D'Etzella steet domadder an der Finall an huet nach d'Chance den Titel vun zejoert ze verdeedegen.

Basketball - de ganze Match
Ettelbréck no Victoire géint Walfer an der Finall.

Basket Esch - Telstar Hesper 87:27 (41:20)

D'Damme vu Hesper hu vun der Fräiworflinn wuel déi éischt Punkte vun der Partie markéiert, ma dono sollt bei hinnen net méi vill zesumme lafen. Ganzer 9 Schëss um Stéck sollten de Wee an de Kuerf net fannen, an Esch huet mat engem 13:0-Laf fir en éischt grousst Lach gesuergt. Och dono huet Hesper sech immens schwéier gedoen, an Esch huet weider gutt getraff. 25:8 stoung et no deenen éischten 10 Minutten.

Hesper hat um Enn vum 1. Véierel an och an der Mëtt vum 2. Quarter wuel vereenzelt gutt Aktiounen an der Offensiv, mee dat sollt um Sonndeg de Mëtteg net duer goen, fir géint eng gutt opgeluechten Ekipp vun Esch eppes entgéint ze setzen. 25 % Trefferquot an der 1. Hallschent an 21 zu 31 Rebound aus Hesper Siicht, waren einfach ze wéineg. Mat engem 21 Punkte-Virsprong (41:20) ass Esch deemno an d'Paus gaangen. Am 3. Véierel ass et aus Hesper Siicht sou weider gaangen, wéi an der 1. Hallschent. Ganzer 2 Punkte sinn hinnen am 3. Véierel gelongen, sou dass de Réckstand no 30 Minutte bei 41 Punkte louch (22:66). Esch huet am leschte Quarter de Ball lafe gelooss, an domadder zéie si no enger souveräner Leeschtung nom Gréngewald als 2 Ekipp an d'Finall an.

Basketball - de ganze Match
Bei den Dammen huet Esch an enger eesäiteger Partie Hesper vun Ufank u keng Chance gelooss, a gewannen mat 87:27.