
Um Samschdeg stoung bei den Hären esouwuel am Playoff ewéi och am Playdown den 3. Spilldag um Programm.
Bei den Damme gouf och am Playoff an am Playdown gespillt.
Playoff
Basket Esch - Etzella 62:89
Mat vill Tempo war déi Ettelbrécker Etzella an de Match gestart a sou konnte si déi Escher um falsche Fouss erwëschen. D’Ekipp ëm de Philippe Gutenkauf loung doduerch tëschenzäitlech mat 25:10 a Féierung. D’Männer vun Esch hu sech duerno awer gefaange kritt, a sou konnte si de Réckstand nach am éischte Véierel op 6 Punkte verkierzen. Mat enger ganzer staarker Offensiv, ugefouert vum Griffin Patrick Kinney, konnten déi Ettelbrécker sech virun der Paus erëm eng komfortabel Avance erausspillen, a sou goung et mat 32:49 aus Sicht vun der Lokalekipp op den Téi.
Beim Basket Esch konnte just de Mac Rugg an den Jackson-Cartwright iwwerzeegen a sou konnt d’Etzella hir Avance weider ausbauen. Um Enn ass no enger staarker an iwwerzeegender Leeschtung eng kloer 89:62-Victoire erausgesprongen.
Hiefenech - Racing 54:82
Zu Hiefenech koum et zum Duell tëscht dem 5. an dem 6. am Playoff. Esouwuel de Racing ewéi och Hiefenech waren op déi wichteg Punkten ugewisen.
Ma et sollt awer eng kloer Saach ginn, dëst well Hiefenech zu kengem Zäitpunkt an de Match fonnt hat. No den éischten 10 Minutte war de Stater Racing beim Stand vun 20:6 ewell kloer a Féierung. Bis d’Paus sollt sech un dëser Dominanz och näischt änneren a sou koum d’Lokalekipp ëmmer méi ënnert d’Rieder. Virum drëtte Véierel war ewell eng däitlech Virentscheedung gefall, hei stoung et 20:43 aus der Sicht vun der USH.
Virum leschte Véierel war dunn och d’Entscheedung gefall. Beim Score vun 32:65 zu Gonschte vum Racing war kloer, dass Hiefenech d’Punkte misst leie loossen.
Um Enn verléiert d’USH dann och mat 54:82 géint de Stater Racing.

Musel Pikes - T71 Diddeleng 95:90
Ugefouert vun engem ganz staarken Tom Schumacher konnt den T71 Diddeleng fréi en Avantage erausspillen, dëst bis op 23:14, ma d’Musel Pikes konnten hire Réckstand bis d’Enn vum éischte Véierel bis op 5 Punkte verkierzen.
An enger offensiv gefouerter Partie hu béid Ekippe probéiert, sech eng Avance erauszespillen, ma et sollt awer kenger Ekipp esou richteg geléngen. Mat engem Score vu 55:56 aus der Siicht vun der Lokalformatioun goung et an d’Paus.
Ugefouert vum Lavone Holland an dem Joe Kalmes konnten d’Musel Pikes am drëtte Véierel liicht a Féierung goen, ma beim Score vu 75:73 hat alles op ee spannende leschte Véierel gedeit.
Um Enn konnt sech d’Lokalformatioun duerchsetzen. Trotz 32 Punkte vum Daniel Ray Laster verléiert den T71 Diddeleng um Enn mat 90:95 géint d’Musel Pikes.
Playdown
Arantia Fiels - Sparta Bartreng 90:91
An engem enken an ëmkämpfte Match ka sech d’Sparta vu Bartreng um Enn duerchsetzen. Schonn am éischte Véierel konnt een op eng spannend Partie hoffen. Et war hin an hier gaangen, ma hei konnt sech d’Sparta nach eng kleng Avance sécheren, dëst beim 20:16 no 10 Minutten. Duerno konnt sech keng vu béiden Ekippen eng kloer Avance erausspillen a sou war et bis zum Schluss een Duell op Aenhéicht. Um Enn waren d’Gäscht de gléckleche Gewënner.
Miersch - Amicale Steesel 82:86
Zu Miersch waren et d’Gäscht, déi dee bessere Start an d’Partie haten an am éischte Véierel soumat och eng Avance vu 9 Punkten erausspille konnten, dëst beim Score vun 27:18 zu Gonschte vun der Amicale. Och am zweete Véierel waren déi Steeseler besser am Match a sou konnt si hir Avance weider ausbauen. An der Paus stoung et hei 46:30 fir d’Gäscht.
No der Halbzeit sinn déi Steeseler awer net gutt an de Match komm, an dat konnt Miersch ausnotzen. Net manner ewéi 29 Punkte sinn hinnen am drëtte Véierel gelongen a sou si si virun de leschten 10 Minutte bis op 2 Punkten un d’Gäscht erukomm, dëst beim Score vun 61:59. Bis zum Schluss krut sech d’Amicale awer nach eng Kéier gefaangen a sou rette si d’Victoire iwwert Zäit.
Résidence Walfer - AB Conter 113:84
Zu Walfer konnt sech d’Lokalekipp relativ kloer géint Conter behaapten. Vun Ufank u ware si déi besser Ekipp a sou louche si no 10 Minutten och op 9 Punkte mat 27:18 vir. Conter konnt sech am zweete Véierel nach eng Kéier fänken a sech erëm erukämpfen, et goung mat enger knapper 3-Punkten-Avance mat 58:55 an d’Paus.
No der Paus konnt Conter den Tempo vun der Résidence awer net méi matgoen, a sou ass d’Avance vun den Haushären ëmmer méi grouss ginn. Um Enn stoung eng kloer Victoire fir déi Walfer Hären géint den AB Conter um Blat.
Hesper - Zolwer 77:71
An der éischter Hallschent konnt Zolwer net nëmme mathalen, ma si louchen esouguer mat 11 Punkten a Féierung. No 20 Minutte stoung et zu Hesper 33:44 zu Gonschte vun de Gäscht.
No der Hallschent ass Hesper awer erëm zréckkomm, an um Enn konnte si sech nach mat 77:71 duerchsetzen.
Basket Esch - Walfer 72:71
Trotz ganzer 33 Punkte fir d’Amanda Booke Cahill sollt et fir d’Damme vu Walfer um Enn net fir eng Victoire duergoen.
Wärend dem ganze Match konnt sech keng Formatioun ee kloren Avantage erspillen a sou war et bis zum Schluss eng spannend Ugeleeënheet, mam besseren Enn fir déi Escher.
Gréngewald - Etzella 68:61
Schonn e Freideg den Owend hat de Champion aus dem Gréngewald de Leader vun Ettelbréck geklappt.
Hesper - Musel Pikes 49:84
Eng däitlech Néierlag gouf et fir den Telstar vun Hesper. Vun Ufank u waren d’Musel Pikes déi dominant Ekipp an hunn den Damme vum Telstar net vill Chancë ginn. Um Enn steet eng däitlech Victoire fir d’Musel Pikes, déi domat weider un der Spëtzt vum Playdown stinn.
AB Conter - Sparta Bartreng 76:59
Conter kann duerch eng Victoire déi zweete Plaz festegen. Och wann d’Sparta am éischte Véierel nach mathale konnt a souguer a Féierung goe konnt, si si am zweete Véierel net méi no komm. Conter huet säi Spill duerchgezunn a soumat um Enn däitlech gewonn, dëst mat 76:59.