
Borussia Mönchengladbach - Borussia Dortmund 1:2 (0:1)
0:1 Hazard (8.’), 1:1 Stindl (50.’), 1:2 Hakimi (71.’)
Dortmund huet staark ugefaangen a konnt soumat an der 8. Minutt scho mat 1:0 a Féierung goen. No engem Feeler am Opbau bei de Gladbacher krut den Hazard de Ball vum Haaland zougespillt, huet sech eng kéier gedréint an de Ball ganz staark an de laangen Eck geschoss. Dono war Gladbach awer déi besser Ekipp an hat och direkt e puer gutt Chancen, mee hinnen ass et net gelongen e Gol ze schéissen.
No der Paus ass de Match genausou animéiert bliwwen Gladbach huet richteg Drock op déi Dortmunder gemaach. Schonn an der 50. Minutt war et dann och geschitt a Gladbach konnt ausgläichen. No enger Flank vum Hofmann huet de Plea direkt ofgezunn a kuerz virum Gol huet de Stindl säi Fouss eragehaal an domadder konnt de Bürki net méi ofwieren. An de Minutten dono ass et weiderhin e richtege Spëtzematch bliwwen mat ville Chancen. Kuerz nodeems de Sommer eng ganz staark Parad géint den Hazard gewisen huet, konnt den Hakimi an der 71. Minutt den 2:1 schéissen. De Sancho huet perfekt op den Hakimi duerchgestach an dee konnt de Ball aus spatzem Wénkel am laangen Eck ënnerbréngen. An der 79. Minutt huet de Sancho just de Potto getraff a just 1 Minutt méi spéit hätt den Embolo aus 12 Meter missen den Ausgläich schéissen mee huet de Ball net richteg getraff a soumat laanscht de laangen Eck geschoss.
Bayer Leverkusen - Eintracht Frankfurt 4:0 (2:0)
1:0 Havertz (4.’), 2:0 Bellarabi (15.’), 3:0 Paulinho (49.’), 4:0 Paulinho (55.’)
An der éischter Hallschent huet Leverkusen de Match dominéiert a kontrolléiert. Schonn no 4 Minutten konnt den Havertz de Ball no enger Flank vum Diaby an de Gol drécken. An der 15. Minutt huet de Paulinho de Ball an d’Mëtt geschloen an do war et de Bellarabi deen de Ball aus kuerzer Distanz konnt an de Gol drécken. Frankfurt huet sech net immens geféierlech gewisen a louch soumat verdéngt mat 0:2 am Réckstand.
Och no der Paus war et dat nämmlecht Bild: Leverkusen huet dominéiert a mat engem weidere schnelle Gol no der Paus fir e schwéiere Coup bei de Frankfurter gesuergt. An der 49. Minutt war et de jonke Paulinho dee mat Tempo an de Strofraum gezunn ass an de Ball dréchen an de laangen Eck geschoss huet. Nëmme 6 Minutte méi spéit war et nees de Brasilianer dee no enger schéiner Pass vum Havertz, locker de Ball an de Gol geschoss huet. Mat dëser Néierlag haten sech déi Frankfurter dann dono och offonnt.
Vfl Wolfsburg - RB Leipzig 0:0 (0:0)
Béid Ekippen haten an der éischter Hallschent de Wëllen, no vir ze spillen, An domadder dëse Match interessant ze maachen, mee béid Defense stoungen zimmlech sécher sou dat keng vun den 2 Ekippen e Gol zougelooss huet.
No der Paus hu béid Ekippen net méi sou konzentréiert verdeedegt an hunn d’Viséieren opgemaach. Allen zwee haten se dann och e puer Golchancen mee keng vun dësen sollt de Wee an de Gol fannen.
Hertha BSC Berlin - Werder Bremen 2:2 (1:2)
0:1 Sargent (3.’), 0:2 Klaassen (6.’), 1:2 Stark (41.’), 2:2 Matheus Cunha (60.’)
De Match hat net laang gedauert wéi Bremen op eemol mat 2:0 a Féierung louch. An der 3. Minutt war et de Sargent, deen no enger Viraarbecht vum Bittencourt de Ball aus 20 Meter an de rietsen Eck geschoss huet. Nees nëmmen 3 Minutte méi spéit konnt de Klaassen eng Flank vum Rashica an de Gol käppen. Berlin huet sech schwéier gedoen mee konnt kuerz virun der Paus awer den Uschlossgol markéieren. E Fräistouss vum Plattenhardt konnt de Stark an de Gol käppen.
No der Paus haten déi Bremer net méi sou vill roueg Ballbesëtzphasen an hunn de Ball oft just aus der Verdeedegung geschoss. Berlin konnt domadder Drock maachen an ass an der 60. Minutt dann och zum Ausgläich komm. De Mittelstädt konnt op de Gol schéissen, de Kapino huet de Ball just an d’Mëtt ofgewiert wou de Cunha de Ball mam Noschoss am Gol ënnerbruecht huet.
SC Freiburg - Union Berlin 3:1 (1:0)Schalke 04 - TSG Hoffenheim 1:1 (1:0)