Internationale FuttballLiverpool fënnt nees an d'Spuer a klappt Bournemouth

RTL Lëtzebuerg
Arsenal London klappt West Ham mat 1:0 an a Frankräich wënnt Metz géint Nîmes a Monaco verléiert zu Nice.
© AFP

Premier League

Liverpool - Bournemouth 2:1
0:1 Wilson (9.’), 1:1 Salah (25.’), 2:1 Mané (33.’)

No 3 Néierlagen a 4 Matcher huet sech Liverpool nees erkritt a wënnt knapps mat 2:1 géint Bournemouth. Mee och an dësem Match louche se nees am Réckstand an dat no engem Gol vum Wilson an der 9. Minutt. Mee duerch 2 Goler vum Mané a Salah konnten d’Reds de Match dréinen. Elo feele Liverpool nach 3 Victoiren fir d’Meeschterschaft kënnen ze feieren.

Arsenal London - West Ham 1:0
1:0 Lacazette (78.’)

Mat engem knappen 1:0 ka sech Arsenal géint West Ham duerchsetzen. An der 78. Minutt war et de Lacazette dee keng Problemer hat de Ball no Virlag vum Özil aus wéinege Meter am Gol ënnerzebréngen. An der Tabell steet Arsenal weider op enger enttäuschender 9. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

An der Serie A ginn d’Matcher bis den 2. Abrëll virun eidele Räng gespillt. D’Matcher, déi eigentlech um 7. Mäerz sollte gespillt ginn, goufen dann ofgesot, well um Sonndeg d’Matcher vum 26. Spilldag nogespillt ginn, déi um leschte Weekend ofgesot gi waren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Metz - Nîmes 2:1
1:0 Nguette (7.’), 1:1 Deaux (49.’), 2:1 Boye (81.’)

Den Detail an de Resumé vum Match fannt der bei de Kolleege vum 5MinutesNice - AS Monaco 2:1
0:1 Ben Yedder (32.’), 1:1 Dolberg (59.’), 2:1 Dolberg (90.+2.’)

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - FC Sevilla 2:2
0:1 De Jong (19.’), 1:1 Morata (32.’), 2:1 Joao Felix (36.’), 2:2 Ocampos (43.’)

Barcelona - Real Sociedad 1:0
1:0 Messi (81.’, Eelefmeter)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La LigaLINK: Dortmund wënnt am Spëtzematch géint Gladbach

Back to Top
CIM LOGO