
Direkt nom Match Racing géint Diddeleng ass um Verluerekascht zirkuléiert, datt den Trainer vum F91 Bertrand Crasson erausgehäit gi wär. De President vum F91 Diddeleng Romain Schumacher huet eis dat awer dementéiert.
De Crasson ass deemno, à ce stade, nach an der Forge du Sud op der Trainerbänk. De belschen Trainer hat den F91 am September 2019 iwwerholl.
Um Verluerekascht koum dem F91 net iwwer eng 0:1-Defaite géint d’Lokalekipp eraus.