
Dortmund verléiert mat 1:2 zu Freiburg a muss sech déi nächste Woche strecken, fir d’Champions-League-Plazen nach ze areechen. Mainz huet mam Leandro Barreiro eng wichteg Victoire géint Union Berlin konnte feieren. Weider Resultater vun de Lëtzebuerger Futtballer fannt dir hei.
An och an deenen anere Lige gouf gespillt. Ënnert anerem huet Arsenal mat 0:1 géint Aston Villa de Kierzere gezunn. Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun all de Matcher.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Och an der 2. Hallschent ass offensiv bei béide Formatiounen net vill zesummegelaf, sou dass dem Rexhbecaj säin zweete Gol an der 55. Minutt duergaangen ass, fir de Rhein-Derby géint Gladbach mat 2:1 ze gewannen.
Bayer Leverkusen - VFB Stuttgart 5:2
1:0 Demirbay (18'), 2:0 Demirbay (31'), 2:1 Kalajdzic (50'), 3:1 Diaby (56'), 4:1 Wirtz (68'), 4:2 Kalajdzic (77'), 5:2 Gray (84')
Stuttgart stoung vun Ufank u kompakt an huet sech op Konterméiglechkeete konzentréiert. De Klimowicz hat an der 14. Minutt dann och eng gutt Chance, huet se awer liichtfäerteg verginn. Kuerz drop war et dunn d’Lokalekipp, déi duerch den Demirbay mat 1:0 a Féierung gaangen ass. Leverkusen ass weider um Ball bliwwen an ass ëmmer erëm duerch den Diaby geféierlech virum Stuttgarter Gol opgedaucht. No enger knapper hallwer Stonn huet den Demirbay de méi wéi verdéngten 2:0 fir d’Werkself geschoss.
Och no der Paus hu béid Ekippe fir Ënnerhalung gesuergt. Stuttgart huet op den Uschlossgol gedréckt a gouf duerch de Gol vum Kalajdzic an der 50. Minutt belount. Vu laanger Dauer sollt d’Freet awer net unhalen. De staarken Diaby huet an der 56. Minutt nees fir kloer Verhältnisser gesuergt. Fir d’Virentscheedung huet de Wirtz an der 68. Minutt gesuergt. Stuttgart ass nëmmen nach den Uschlossgol gelongen, éier de Gray mam 5:2 den Deckel zou gemaach huet.
SC Freiburg - Borussia Dortmund 2:1
1:0 Jeong (49'), 2:0 Schmid (52'), 2:1 Moukoko (76')
An enger intensiv gefouerter Partie hate béid Ekippe virun allem an der Ufanksphas gutt Chancen, a Féierung ze goen. Awer weder den Can op der Dortmunder Säit nach de Jeong fir d’Lokalekipp kruten de Ball iwwert d’Linn. Mat engem 0:0 si béid Ekippen deemno an d’Kabinne gaangen. No der Paus gouf de BVB du kal erwëscht. De staarke Jeong huet no Viraarbecht vum Griffo de Ball aus 20 Meter an de Gol gehummert. Nëmmen 2 Minutte méi spéit huet de Schmid no engem Distanzschoss de Score op 2:0 fir Freiburg erop geschrauft. Dortmund war wuel geschockt, huet sech awer lues a lues zesummegerappt a wollt den Uschlossgol. De 16 Joer jonke Moukoko huet de BVB an der 76. erëm zeréck an de Match bruecht. Dëst sollt awer net duergoen, fir de Match nach ze dréinen. Freiburg mat enger Iwwerraschungsvictoire iwwerdeems d’Wolleken iwwer Dortmund ëmmer méi gro ginn.
Schalke 04 - RB Leipzig 0:3
0:1 Mukiele (45+3'), 0:2 Sabitzer (73'), 0:3 Orban (87')
Schalke hat wuel keng gréisser Chance a Féierung ze goen, op der anerer Säit haten awer och déi Leipziger Schwieregkeeten, géint eng gutt gestaffelt Schalker-Defense sech Méiglechkeeten erauszespillen. Kuerz virun der Paus vun der 1. Hallschent dunn de Schock fir Schalke. De Mukiele käppt an der 3. Minutt vun der Nospillzäit den 1:0 fir d’Bullen. No der Paus huet Leipzig op den 2:0 gedréckt, Schalke ass ëmmer méi ënner Drock geroden. Nodeems den Hoppe an de Stambouli Mëtt der 2. Hallschent zwou Chancen net notze konnten, hu Sabitzer an Orban fir d’Entscheedung an der Veltins Arena gesuergt. Schalke bleift domat Tabelleleschten iwwerdeems Leipzig seng 2. Plaz verdeedegt.
FSV Mainz 05 - Union Berlin 1:0
1:0 Niakhaté (21')
Bei Mainz stoung de Leandro Barreiro vun Ufank un um Terrain. Fir Mainz war et eng ganz wichteg Victoire am Kampf ëm den Ofstig.
FC Augsburg - VFL Wolfsburg 0:2
0:1 Weghorst (38'), 0:2 Baku (59')