Internationale FuttballManchester United kasséiert a leschter Sekonn den Ausgläich géint Everton

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems verléiert Arsenal mat 0:1 géint Aston Villa. Juve klappt Roum an Olympique Lyon gewënnt duerch 2 Goler vum Depay mat 3:0 géint Stroossbuerg.
© AFP

An och an der däitscher Bundesliga gouf um Samschdeg gespillt. Hei ka Freiburg fir eng fauschtdéck Iwwerraschung suergen a klappt Borussia Dortmund mat 2:1.

An och am Ausland stoungen eng Rei Lëtzebuerger Futtballer um Terrain.

Premier League

Aston Villa - Arsenal London 1:0
1:0 Watkins (2')

De Match war emol keng 2 Minutten al, do huet et schonn am Gol vun de Gäscht gerabbelt. No Viraarbecht vum Traoré huet de Watkins de Ball ouni vill Problemer am Gol ënnerbruecht. Arsenal hat wuel méi Ballbesëtz, huet awer laang gebraucht, éier si sech gutt Chancen erausspille konnten. Kuerz viru Schluss hat den Ödegaard nach eng gutt Chance, säi Ball ass awer iwwert de Gol gaangen. Eng batter Néierlag fir Arsenal, déi domat weider am Mëttelfeld an der Premier League hänke bleiwen.

FC Fulham - West Ham United 0:0

Manchester United - FC Everton 3:3
1:0 Cavani (24'), 2:0 Fernandes (45'), 2:1 Doucoure (49'), 2:2 Rodriguez (52'), 3:2 McTominay (70'), 3:3 Calvert-Lewin (90+5')

Quasi mat der éischter richteg gudder Chance am Match huet de Cavani d’Red Devils an der 24. Minutt a Féierung geschoss. Duerch eng kompakt Defense ass Everton an der 1. Hallschent offensiv näischt gelongen, an esou huet de Fernandes kuerz virun der Paus de Ball aus 17 Meter an de lénksen Eck geschoss. Nom Téi huet Everton dunn direkt zwee Mol bannent 3 Minutten zougeschloen. Fir d’éischt den Doucouré, kuerz drop den James, deen aus 15 Meter ganz eleng zum Ofschloss komm ass an den 2:2 markéiere konnt. No engem Fräistouss an der 70. Minutt ass de McTominay als eenzegen Acteur un de Ball komm a konnt mat engem Kappball den 3:2 schéissen. An der wuertwiertlecher aller leschter Sekonn vum Match ass Everton dunn no engem Fräistouss nach den 3:3 gelongen. De Calvert-Lewin huet de Ball aus kuerzer Distanz iwwert d’Linn gedréckt. E battere Réckschlag deemno fir Manchester United.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Atalanta Bergamo - FC Turin 3:3
1:0 Ilicic (15'), 2:0 Gosens (19'), 3:0 Muriel (21'), 3:1 Belotti (42'), 3:2 Bremer (45+1'), 3:3 Bonazzoli (84')

Wat e geckege Match zu Bergamo. Nodeems d’Lokalekipp schonn no 21. Minutte mat 3:0 a Féierung louch, huet wuel net dee gréissten Optimist nach un e Punkt fir Turin geduecht. Kuerz virun der Paus ass Turin duerch de Belotti an de Bremer aus dem Näischt 2 Goler gelongen. D’Gäscht hunn an deenen zweete 45. Minutten alles versicht, fir nach den Ausgläich ze markéieren. An der 84. Minutt sollt dëst dann och a Persoun vum Bonazzoli geléngen, sou dass de Match um Enn 3:3-Gläich ausgeet.

Juventus Turin - AS Roum 2:0
1:0 Ronaldo (13'), 2:0 Ibanez (69')

Déi al Damm ka sech am Spëtzematch géint d’AS Roum mat 2:0 duerchsetzen. An der 13. Minutt huet de Ronaldo quasi aus dem Stand aus 16 Meter getraff. Kuerz drop hätt de Ronaldo souguer op 2:0 erhéije kËnnen. Roum huet bis dohin eng ganz gutt Leeschtung gewisen, eenzegen Ënnerscheed zu Juve war d’Effizienz virum Gol. Sou ass et mat 0:1 an d’Paus gaangen. Och an der zweeter Hallschent hu virun allem Chiellini a Bonucci dofir gesuergt, dass Roum kaum zu Chancë koum ass. Zu allem Iwwerfloss huet den Ibanez an der 69. Minutt och nach de Ball an den eegene Filet gesat, sou dass Juventus doheem mat 2:0 géint Roum gewënnt.

CFC Genua - SSC Neapel 2:1
1:0 Pandev (11'), 2:0 Pandev (26'), 2:1 Politano (79')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Olympique Lyon - RC Straßbourg 3:0
1:0 Depay (20'), 2:0 Ekambi (30'), 3:0 Depay (68')

No 14. Minutte krut den Thomasson no enger Onsportlechkeet déi Giel-Rout Kaart gewisen. Doropshi war Stroossbuerg mat engem Spiller manner um Terrain Lyon ënnerleeën, sou dass et no 30. Minutte schonn 2:0 stoung. Och no der Paus huet Lyon näischt ubrenne gelooss an den Depay huet mat sengem 2. Gol vum Owend fir den 3:0-Schlusspunkt gesuergt.

RC Lens - Stade Rennes 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

SD Huesca - Real Madrid 1:2
1:0 Galan (48'), 1:1 Varane (55'), 1:2 Varane (84')

Glécklech Victoire fir déi Galaktesch géint den Tabelleleschten Huesca. An der 1. Hallschent stoung d’Lokalekipp defensiv ganz stabil an huet näischt zougelooss. Nom Téi ass Huesca duerch de Galan souguer a Féierung gaangen. Real ass awer am Laf vun der Partie 2 Goler duerch de Varane gelongen, sou dass d’Gäscht mat engem bloen Aen dervu komm sinn.

FC Elche - FC Villarreal 2:2
0:1 Moreno (16'), 0:2 Moreno (35'), 1:2 Carillo (49'), 2:2 Boye (64')

FC Sevilla - FC Getafe 3:0
1:0 El Haddadi (67'), 2:0 Gomez (87'), 3:0 En Nesyri (89')

Laang et huet dono ausgesinn, wéi wa Getafe eng Iwwerraschung kéint zu Sevilla realiséieren. Nodeems den El Haddadi an der 67. Minutt den 1:0 markéiere konnt, huet Getafe wuel nach emol alles probéiert, den Ausgläich sollt awer net geléngen. Kuerz virun Enn huet Sevilla mat zwee weidere Goler de Sak zougemaach a gewënnt mat 3:0.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO