BundesligaBayern klappt Leipzig am Spëtzematch, Frankfurter Victoire zu Dortmund

RTL Lëtzebuerg
Am Duell ëm de Championstitel konnt sech Bayern mat 1:0 zu Leipzig duerchsetzen a vergréissert doduerch de Virsprong un der Tabellespëtzt op elo 7 Punkten.

E Samschdeg ass et no de Lännermatcher an der Bundesliga mam 27. Spilldag weidergaangen.
Frankfurt huet sech mat 2:1 géint Dortmund duerchgesat, Mainz a Bielefeld hu sech mat 1:1 d’Punkte gedeelt a Wolfsburg huet Köln mat 1:0 geklappt. Dës Weideren ass et fir Schalke zu Leverkusen näischt ze huele ginn an Augsburg konnt sech doheem géint Hoffenheim behaapten.

Méi spéit ass et dann am Spëtzematch eng 1:0-Victoire fir den FC Bayern géint RB Leipzig ginn.

Weider Resultater aus dem internationale Futtball am Iwwerbléck fannt Dir hei.E Samschdeg waren och nees Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.

27. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Leipzig - Bayern 0:1
0:1 Goretzka (38')

Leipzig huet net laang ofgewaart an ass fréi geféierlech virun de Gol vun de Bayern komm. Déi hu sech mat der Zäit ëmmer méi an der géignerescher Hallschent festgespillt a kruten sou d’Kontroll iwwert de Match. Eng richteg gutt Golchance ass et sou séier awer net ginn, wat eventuell och um verletzungsbedéngten Ausfall vum Lewandowski geluecht huet. An der 38. Minutt huet een da gesinn, firwat d’Bayern ganz uewen an der Tabell stinn. No engem schéinen Zësummespill vum Kimmich a Müller konnt de Goretzka d’Gäscht mat engem stramme Schoss a Féierung bréngen. Kuerz drop huet de Sané dann nach bal op 2:0 erhéicht, ma de Gulasci huet am Gol gutt opgepasst a sou ass et mat engem 1:0 fir d’Bayern an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel ass dann no an no eng Drockphas vun de Leipziger entstanen, déi sech mat der Zäit awer nees geluecht huet. Och wann d’Lokalekipp déi eng oder aner Chance Opweises haten, war de Match weider ënnert der Kontroll vun de Münchener, déi duerch de Musiala an de Müller nach gutt Chancen haten op 2:0 zu stellen. Den Haushären ass et net méi gelongen de Réckstand opzehuelen a sou wënnt um Enn Bayern mat 1:0 zu Leipzig. Duerch dës Victoire vergréissert sech de Virsprong un der Tabellespëtzt op 7 Punkten, wat schonn eng Virentscheedung am Duell ëm de Championstitel si kéint.

Dortmund - Frankfurt 1:2
0:1 Schulz (11'), 1:1 Hummels (45'), 1:2 Silva (87')

Duerch e Selbstgol ass Dortmund am Match géint Frankfurt fréi a Réckstand geroden. No enger ofgefälschter Flank vum Kostic huet de Schulz de Ball onglécklech an den eegene Gol gekäppt a sou stoung et no 11 Minutten 1:0 fir de Gaascht. Am Kampf ëm d’Champions League Plazen wollt Dortmund dorop natierlech eng Äntwert weisen, wat duerch eng konzentréiert Frankfurter Defense awer keng einfach Aufgab war. Kuerz virum Schluss vun der éischter Hallschent ass dann awer nach den Ausgläich gelongen. Den Hummels stoung no engem Corner op der richteger Plaz a konnt sou aus kuerzer Distanz op 1:1 stellen.

Nom Säitewiessel war et eng ausgegelache Partie, an där Dortmund et ëmmer nees mat engem Pressing probéiert huet. De Gol ass an der 65. Minutt awer op der anerer Säit gefall. No engem Fräistouss konnt den Ilsanker mam Kapp op 2:1 fir Frankfurt erhéijen, ma beim Zouspill stoung den Defenseur am Abseits, sou dass de Gol net gegëllt huet. Kuerz viru Schluss ass et dann awer nach geschitt a sou war et de Silva, dee mat engem Kappball fir d’Frankfurter Féierung gesuergt huet. Dorop konnt Dortmund keng Äntwert méi weisen a sou séchert sech de Gaascht déi immens wichteg dräi Punkten an der Course ëm d’Champions League.

Mainz - Bielefeld 1:1
1:0 Brosinski (56'), 1:1 Voglsammer (75')

No de Lännermatcher stoung de Leandro Barreiro bei Mainz direkt nees vun Ufank un um Terrain. A sou hat de Lëtzebuerger ufanks och zwee Mol d’Féierung um Fouss leien, ma zwee mol konnt de Gol vun der Bielefelder Defense nach verhënnert ginn. No enger engagéierter Ufanksphas vun der Lokalekipp huet den Duell géint Ofstig sech dann ëmmer méi berouegt. No 45 Minutten ass et sou ouni Goler an d’Paus gaangen.

Am zweeten Duerchgang war Mainz weider engagéiert a sou krute sie an der 55. Minutt och en Eelefmeter erausgeholl. De Brosinski huet sech de Ball geholl a vum Punkt aus d’Haushären a Féierung bruecht. An der 68. Minutt war et dann nees de Barreiro, deen d’Chance op ee Gol um Fouss hat, ma säi Schoss aus 5 Meter huet dobäi d’Baussennetz getraff. Och wa Mainz besser am Match war ass eng véierel Stonn viru Schluss awer nach den Ausgläch gefall. No engem Fräistouss, deen an der Mauer hänke bliwwen ass huet de Voglsammer et eng zweete kéier probéiert a sou mat engem stramme Schoss op 1:1 gestallt. Um Enn ass kenger Ekipp e weidere Gol gelongen an domat gëtt et tëscht Mainz a Bielegeld kee Gewënner.

Wolfsburg - Köln 1:0
1:0 Brekalo (69')

Wärend et fir Köln géint den Ofstig geet, gëlt et fir Wolfsburg Punkte fir eng Plaz an der Champions League ze sammelen. Dovun huet een an der Ufanksphas awer guer näischt gesinn. Köln war déi besser Ekipp a sou hate sie an der 14. Minutt och déi bescht Chance op d’Féierung. Den Hector hat no enger Flank aus kuerzer Distanz awer nëmmen d’Laat getraff. Vu Wolfsburg ass weider ze wéineg komm a sou ass déi éischt Hallschent mat engem 0:0 op en Enn gaangen.

Am zweeten Duerchgang huet Wolfsburg da besser an de Match fonnt. Nieft dem Ballbesëtz hu sie och ëmmer méi virun de géigneresche Gol fonnt a sou ass den 1:0 och an der 69. Minutt gefall. No engem Zouspill vum Weghorst konnt de Brekalo mat engem Schoss aus dem Strofraum d’Haushären a Féierung bréngen. Nom 1:0 stoung d’Féierung vun de Wolfsburger awer op wackelege Been, well ee gemierkt huet dass Köln net ouni Punkten Heem fuere wollt. Bis zum Schluss ass den Ausgläich awer net méi gelongen a sou séchert sech Wolfsburg déi dräi Punkten.

Leverkusen - Schalke 2:1
1:0 Alario (26'), 2:0 Schick (72'), 2:1 Huntelaar (81')

Augsburg - Hoffenheim 2:1
1:0 Vargas (8'), 2:0 Hahn (23'), 2:1 Skov (86')

Gladbach - Freiburg 2:1
0:1 Sallai (10'), 1:1 Thuram (53'), 2:1 Thuram (60')

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO