
An der Premier League ass et fir den Thomas Tuchel déi éischt Defaite als Trainer vun Chelsea ginn. D’Blues hu sech an Ënnerzuel misse mat 2:5 géint West Brom geschloe ginn.
An der Ligue 1 ass et am Spëtzematch héich hiergaangen. No zwou roude Kaarten konnt sech um Enn Lille mat 1:0 zu Paräis duerchsetzen a steet elo un der Tabellespëtzt.
Fir Juventus ass et am Derby géint den FC Turin nëmme fir en 2:2-Remis duergaangen. Dem Ronaldo war ronn 10 Minutte viru Schluss den Ausgläich gelongen.
An der Bundesliga stoung e Samschdeg de 27. Spilldag um Programm.E Samschdeg waren och nees Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz
Chelsea - West Brom 2:5
1:0 Pulisic (27'), 1:1 Pereira (45+2'), 1:2 Pereira (45+4'), 1:3 Robinson (63'), 1:4 Diagne (68'), 2:4 Mount (71'), 2:5 Robinson (90+1')
Chelsea huet gutt an de Match erafonnt a konnt no enger knapper hallwer Stonn och duerch e Gol vum Pulisic a Féierung goen. Zwou Minutten nom 1:0 ass dann allerdéngs den Thiago Silva no senger zweeter Gieler Kaart vum Terrain geflunn, sou dass d’Blues fir de Rescht vum Match an Ënnerzuel waren. Kuerz virun der Paus ass et West Brom da gelongen de Match bannent zwou Minutten ze dréinen. Duerch zwee Goler vum Matheus Pereira an der zweeter a véierter Minutt vun der Nospillzäit stoung et op eemol 1:2 aus der Siicht vun Chelsea.
Nom Säitewiessel hu sech déi 10 Hauhsären da weider schwéier gedoen, dat well d’Gäscht opgedréint an op den 3:1 gedréckt hunn. Deen ass dann och an der 63. Minutt gefall, nodeems de Robinson per Volley ofgezunn an dem Golkipp keng Chance gelooss huet. Elo war West Brom net méi ze stoppen a sou huet den nächste Gol vum Diagne nëmme 5 Minutten op sech waarde gelooss. Chelsea ass et zwar nach duerch de Mount gelongen op 2:4 ze verkierzen, ma dem Robinson säi Gol an der Nospillzäit huet d’Partie defintiv entscheet. Domat verléiert den Thomas Tuchel säin éischte Match mat Chelsea mat 5:2 géint West Brom.
Leicester - Manchester City 0:2
0:1 Mendy (58'), 0:2 Gabriel Jesus (74')
Arsenal - Liverpool 0:3
0:1 Jota (64'), 0:2 Salah (68'), 0:3 Jota (82')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - Sampdoria 1:1
0:1 Quagliarella (57'), 1:1 Hauge (87')
Sassuolo - AS Roum 2:2
0:1 Pellegrini (25'), 1:1 Traoré (57'), 1:2 Bruno Peres (69'), 2:2 Raspadori (85')
FC Turin - Juventus 2:2
0:1 Chiesa (13'), 1:1 Sanabria (27'), 2:1 Sanabria (46'), 2:2 Ronaldo (79')
Am Turiner Derby ass Juventus an der 13. Minutt duerch e Gol vum Chiesa a Féierung gaangen. Kuerz virdrun war de Belotti am Strofraum zum Fale bruecht ginn, ma och nom Asaz vum Videoarbitter gouf et keen Eelefmeter fir d’Lokalekipp. Déi louch elo also am Réckstand, ma den FC Turin huet weider Drock gemaach an an der 27. Minutt ass dat dann och mat engem Gol belount ginn. De Sanabria konnt dovu profitéieren, dass de Golkipp de Ball net richteg op d’Säit paréiert krut a sou konnt hien aus kuerzer Distanz per Kappball op 1:1 setzen. Kuerz virun der Paus hat dann de Ronaldo d’Chance op d’Féierung um Fouss leien, ma de Portugies hat kee Gléck mat sengem Ofschloss.
Den zweeten Duerchgang huet Juventus dann net gutt ugefaangen, wat och zimlech séier bestroft gouf. An der 46. Minutt konnt de Sanabria vun engem Feelpass profitéieren a säin zweete Gol vum Match markéieren. D’Gäscht haten trotz dem Réckstand méi vun der Partie, ma de Gol zum 2:2 wollt einfach net falen. Bis zur 79. Minutt, wou de Ronaldo no enger Flank op der richteger Plaz stoung a sou zum Ausgläich treffe konnt. Fir Juventus war de Remis nach ëmmer ze wéineg, um Enn ass et dann awer beim 2:2 bliwwen a sou deele sie sech d’Punkte mam FC Turin.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Monaco - Metz 4:0
1:0 Fabregas (50'), 2:0 Volland (52'), 3:0 Ben Yedder (77'), 4:0 Ben Yedder (89')
Fir Metz ass et um 31. Spilldag géint den AS Monaco näischt ze huele ginn. No enger éischter Hallschent ouni Goler hunn d’Monegassen no der Paus opgedréint. An der 50. Minutt konnt de Fabregas per Eelefmeter d’Féierung fir d’Lokalekipp hirstellen, zwou Minutte méi spéit war et de Volland deen op 2:0 erhéicht huet. Vu Metz ass alles an allem ze wéineg no vir komm a sou huet de Ben Yedder duerch seng zwee Goler an der 77. an der 89. Minutt alles kloer gemaach. Um Enn steet eng verdéngte 4:0-Victoire fir Monaco.
PSG - Lille 0:1
0:1 David (20')
Am Spëtzematch vun der franséischer Ligue 1 hu béid Ekippen ufanks net all ze vill riskéiert, PSG hat de Ball a Lille stoung hanne konzentréiert. Mat der éischter Chance sinn d’Gäscht dann no 20 Minutten a Féierung gaangen. De Schoss vum David gouf nach ofgefälscht a war fir de Golkipp dofir schwéier ze verhënneren. Op dee Géigegol wollt den aktuelle Champion virun allem iwwert den Neymar reagéieren, ma zu engem Gol sollt et an der éischter Hallschent net méi duergoen.
Am zweeten Duerchgang gouf et da Chancen op béide Säiten, ma virun allem ass d’Partie ëmmer méi hëtzeg ginn. Dem PSG ass d’Zäit dervu gelaf, wat sech och op d’Stëmmung vun de Spiller ausgewierkt huet. An der 90. Minutt sinn dem Neymar d’Sécherungen duerchgebrannt a sou huet hie säi Géigespiller op de Buedem gestouss. Fir de Brasilianer war dat déi zweet Giel Kaart a sou hat hie schonn e puer Minutten éischter Feierowend. Am Gewulls huet och den Djalo vun de Gäscht nach déi Giel-Rout Kaart gesinn. No enger laanger Nospillzäit ass et dann awer beim 1:0 bliwwen a sou setzt sech Lille duerch eng Victoire géint de PSG un d’Tabellespëtzt.
Lens - Lyon 1:1
1:0 Clauss (65'), 1:1 Paqueta (81')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Granada - Villareal 0:3
0:1 Gerard (9'), 0:2 Gerard (18'), 0:3 Gerard (60')
Real Madrid - Eibar 2:0
1:0 Asensio (41'), 2:0 Benzema
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga