Steesel a Walfer stinn an den Halleffinallen

© Maya a Robert Straus
An den Véierelsfinallen vun de Playoffs am Titelgrupp wënnt Steesel mat 93:68 géint Hueschtert a Walfer klappt Ettelbréck däitlech mat 94:48.
Um Mëttwoch koum et bei den Dammen zu den zwou Véierelsfinallen vun de Playoffs am Titelgrupp. Opgrond vun der momentaner Situatioun gouf dës Véierelsfinall a just engem Match entscheet. Am éischte Match vum Owend konnt sech Steesel iwwerraschend däitlech géint de Gréngewald mat 93:68 duerchsetzen. An der zweeter Véierelsfinall wënnt Walfer kloer mat 94:48 géint Ettelbréck a stinn domadder an der Halleffinall.
An den Halleffinallen trëfft Steesel elo op den T71 Diddeleng an d'Résidence Walfer kritt et mat de Musel-Pikes ze dinn. Dës Matcher ginn am Modus "Best-of-3" gespillt an déi éischt Matcher ginn e Samschdeg gespillt.
Véierelsfinallen vun de Playoffs
Gréngewald Hueschtert - Amicale Steesel 68:93 (19:14, 20:28, 6:24, 23:27)
Nodeems sech Steesel am leschte Match vun der Saison géint de Basket Esch fir d'Playoffs qualifizéiere konnt, haten se elo direkt nees e Match an deem et ëm alles oder näischt gaangen ass. Et war awer de Gréngewald déi besser an de Match fonnt haten an den éischte Véierel mat 19:14 ofgeschloss hunn. Am zweete Véierel huet Steesel dann awer gewisen dat si zurecht an de Playoffs stinn, hunn de Match gedréint a si mat enger knapper Avance vun 42:39 an d'Paus gaangen. No der Paus ass bei den Hueschterter dann guer näischt méi zesumme gelaf a konnte just 6 Punkte markéieren. Domadder hat sech Steesel eng Féierung vun 21 Punkten opgebaut an hunn dës och am leschte Véierel net méi hierginn.
Résidence Walfer - Etzella Ettelbréck 94:48 (29:11, 25:19, 18:10, 22:8)
Déi Walfer hunn an der Véierelsfinall näischt ubrenne gelooss a mat Hëllef vun enger konzentréierter Leeschtung däitlech géint Ettelbréck gewonnen. Schonn no den éischten 10 Minutten hat Walfer e Virsprong vun 18 Punkten op déi Ettelbrécker. Och am zweete Véierel konnten déi Ettelbrécker de Réckstand net verréngeren sou dat et mat engem 54:30 an d'Paus gaangen ass. No der Paus ass et nämmlecht weider gaangen an d'Heemekipp huet säi Virsprong ëmmer weider ausgebaut. Sou gewannen se dann och kloer an ouni Problemer mat 94:48.