Basket: WM-Pre-QualifikatiounSchweden eng Nummer ze grouss fir Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Skandinavier sinn hirer Favoritteroll gerecht ginn an hu kloer mat 129:76 gewonnen.
Schweden eng Nummer ze grouss fir Lëtzebuerg
D’FLBB-Formatioun huet mat 76:129 géint d’Skandinavier verluer.

E Samschdeg den Owend gouf et fir d’Lëtzebuerger Basketnationalekipp eng weider kloer Néierlag an der 2. Ronn vun der Pre-Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2023. Géint Schweden huet sech d’Ekipp vum Ken Diederich misse mat 76:129 geschloe ginn. Fir Lëtzebuerg hunn de Philippe Gutenkauf an de Ben Kovac 14 Punkte markéiert. De Christopher Czerapowicz war bei Schweden mat 24 Punkten den Top-Scorer.

Kovac, Gutenkauf a Co sinn als kloren Underdog géint Schweden an de Match gaangen. Esou waren d’Verhältnisser dann och séier kloer. Nom éischte Véierel louchen d’Skandinavier mat 33:21 a Féierung. Bis d’Paus ass dës Avance op 21 Punkten ugewuess, sou datt et beim Tëschestand vun 63:42 an d’Kabinne gaangen ass.

No der Paus huet Schweden net nogelooss an huet duerch ee 40:9 am drëtte Véierel de Virsprong weider ausgebaut. Beim Tëschestand vun 103:51 ass et an déi lescht 10 Minutte gaangen. Hei hunn d’Schweden den Tempo erausgeholl, esou datt dëse Véierel mat 25:26 ausgeglach war. Um Enn ka sech Schweden iwwert eng kloer 129:76-Victoire freeën.

E Freideg den Owend hat d’FLBB-Formatioun mat 74:83 géint Portugal verluer.

En Dënschdeg geet et fir d’Lëtzebuerger Baskethäre weider. Um 19 Auer gëtt an der Bubble a Portugal de Retourmatch géint d’Lokalekipp gespillt. D’Partie kënnt Dir wéi gewinnt am Livestream op RTL.lu kucken.

De Replay vum Match

Lëtzebuerg geet géint Schweden ënner
An der 2. Ronn vun der WM-Pre-Qualifikatioun huet Lëtzebuerg mat 76:129 géint d’Skandinavier verluer.

Back to Top
CIM LOGO