Internationale FuttballNächst Defaite fir Barcelona, Juventus wënnt am Derby spéit

RTL Lëtzebuerg
Fir den FC Barcelona gouf et eng 0:2-Defaite géint Atlético Madrid a Juventus konnt sech duerch e spéide Gol géint den FC Turin behaapten.
© AFP

An der Bundesliga war e Samschdeg iwwerdeems d’Suite vum 7. Spilldag. D’Resultater am Iwwerbléck fannt dir hei.

Premier League

Manchester United - Everton 1:1
1:0 Martial (43'), 1:1 Townsend (65')

Chelsea - Southampton 3:1
1:0 Chalobah (9'), 1:1 Ward-Prowse (61'), 2:1 Werner (84'), 3:1 Chilwell (89')

D’Blues hu sech duerch eng staark Schlussphas d’Victoire géint Southampton geséchert. No der Féierung fir Chelsea konnt de Ward-Prowse an der zweeter Hallschent ausgläichen, ma ronn 15 Minutten drop ass de Buteur mat Rout vum Terrain geflunn. An Iwwerzuel huet d’Lokalekipp dann nach eng Kéier den Drock erhéicht a wënnt um Enn no de Goler vum Werner an Chilwell nach mat 3:1.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

FC Turin - Juventus 0:1
0:1 Locatelli (86')

Den Derby tëscht den zwou Turiner Ekippen ass mat enger spéider 1:0-Victoire fir Juventus op en Enn gaangen. Laang huet sech an der Partie net all ze vill gedoen, zemools am Spill no vir hu sech béid Ekippe schwéier gedoen. Kuerz viru Schluss huet de Locatelli dann awer nach fir d’Decisioun zu Turin gesuergt.

Sassuolo - Inter Mailand 1:2
1:0 Berardi (22'), 1:1 Dzeko (58'), 1:2 Martinez (78')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Montpellier - Stroossbuerg 1:1
1:0 Mollet (12'), 1:1 Gameiro (28')

Nice - Brest 2:1
1:0 Todibo (45'), 2:0 Bard (61'), 2:1 Honorat (90+2')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Cadiz - Valencia 0:0

Atlético Madrid - FC Barcelona 2:0
1:0 Lemar (23'), 2:0 Suarez (44')

Fir den FC Barcelona geet d’Kris mat der nächster Defaite weider. Am Match géint Atlético Madrid gouf et fir d’Katalanen bei engem 0:2 näischt ze huelen. Duerch Goler vum Lemar an dem Ex-Barca Spiller Suarez louch d’Lokalekipp schonn no 45 Minutte mat zwee Goler a Féierung. Nom Säitewiessel huet sech Barcelona zwar beméit gewisen, um Enn geet et awer net duer fir ee Punkt mat Heem ze huelen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO