
An der däitscher Bundesliga war e Samschdeg de Mëtteg d’Suite vum 7. Spilldag. E Freideg den Owend gouf et zum Optakt scho fir Köln eng 3:1-Victoire géint Fürth.
Den Iwwerbléck vum internationale Futtball fannt dir hei.
Dortmund huet sech mat enger 2:1-Victoire géint Augsburg déi dräi Punkte geséchert. De BVB ass ouni de verletzten Haaland an de Match gaangen, ma och ouni den Norweger louch d’Lokalekipp no 10 Minutten a Féierung. De Guerreiro huet vum Eelefmeterpunkt d’Nerve behalen a sou op 1:0 gestallt. Augsburg war allerdéngs och gutt am Match a konnt nach virun der Paus op 1:1 ausgläichen.
Kuerz nom Säitewiessel ass et dem Brandt da gelongen nees d’Féierung fir Dortmund hierzestellen, wat um Enn dann och fir déi dräi Punkten duergaangen ass.
Fir Gladbach gouf et zu Wolfsburg eng 3:1-Victoire. Schonn no siwe Minutten stoung et fir de Gaascht 2:0, dat duerch d’Goler vum Embolo an Hofmann. D’Haushären hunn net sou richteg an de Match fonnt, ma dem Waldschmidt ass et trotzdeem nach gelongen am éischten Duerchgang op 1:2 ze verkierzen.
Ronn 15 Minutte viru Schluss hat de Stindl dann d’Chance per Eelefmeter op 3:1 ze erhéijen, ma de Casteels konnt de Ball paréieren an d’Decisioun domat verhënneren. Gladbach huet hannen näischt méi zougelooss a mat der leschter Aktioun vum Match duerch de Scally dann awer nach op 3:1 gestallt an d’Partie domat entscheet.
Iwwerdeems gouf et fir Hoffenheim eng 1:3-Defaite zu Stuttgart an Hertha huet doheem géint Freiburg mat engem 1:2 de Kierzere gezunn.
Owes huet sech Leipzig dann nach kloer mat 3:0 géint Bochum behaapt. An der éischter Hallschent krut sech den Opsteiger gutt gewiert an ass sou mat engem 0:0 an d’Vestiaire gaangen. Nom Säitewiessel huet RB den Drock awer ëmmer méi erhéicht, sou dass um Enn eng verdéngten 3:0-Victoire fir d’Lokalekipp vu Leipzig stoung.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.
E Freideg den Owend gouf et fir den 1. FC Köln eng 3:1-Victoire géint Fürth.