BGL LigueMonnerech deklasséiert Rouspert, Hesper klappt de Progrès

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et fir Hueschtert zu Munneref näischt ze huelen an an der Partie tëscht Käerjeng a Wolz gouf et kee Gewënner.

E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat d’Suite vum 1. Spilldag. Zum Optakt vun der neier Saison konnt sech Ettelbréck mat 2:0 géint Péiteng duerchsetzen.

Déifferdeng verléiert den Optaktmatch
Géint de Racing huet ee mat 2:3 verluer.

Fir Déifferdeng gouf et virun den eegene Spectateuren zum Optakt eng 2:3-Defaite géint de Racing. Kuerz virun der Paus konnt de Cabral déi Déifferdenger Lokalekipp a Féierung bréngen. Net laang nodeems béid Ekippe fir déi zweet Hallschent aus de Vestiairë komm ware konnt de Francoise den Ausgläich markéieren. D’Goler vum Simon an N’Goma hunn d’Gäscht a Féierung bruecht an de Wee a Richtung Dräi Punkte fräi gemaach. De spéiden Uschlossgol vum Almeida sollt näischt méi un der Sortie vum Match änneren.

An der Partie tëscht der Fola a Stroossen hu sech déi Escher da mat 2:1 duerchgesat. De Stroossener Gol zur Féierung vum Moding no enger gudder hallwer Stonn konnt d’Lokalekipp duerch en Eelefmeter nach virun der Paus ausgläichen. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet de Correia dann déi dräi Punkte fir d’Lokalekipp mat sengem Gol zum 2:1 geséchert.

Den US Munneref huet sech doheem mat 2:0 géint d’US Hueschtert behaapt. No enger éischter Hallschent ouni Goler waren et de Bekkouche an de Couto Pinto déi mat hire Goler d’Victoire fir déi Munnerefer kloer gemaach hunn.

Iwwerdeems hunn dann nach Käerjeng a Wolz1:1 gläich gespillt a fir den FC Monnerech gouf et eng kloer 5:1-Victoire géint Rouspert.

E Sonndeg den Owend um 19 Auer konnt sech dann nach Hesper an engem opreegende Match mat 4:2 géint Nidderkuer duerchsetzen. Duerch e Gol vum Couturier stoung schonn no sechs Minutten eng Féierung fir d’Lokalekipp vum Swift um Ziedel. De Progrès krut sech dovun allerdéngs gutt gefaangen a konnt d’Partie duerch d’Goler vum Hend an De Almeida dréinen. Wéi et de Spillverlaf awer wollt huet Hesper eng immens staark Schlussphas erwëscht. Zwee Goler vum Philippe an ee vum Corral hunn um Enn awer nach fir d’Hesper Victoire gesuergt.

Resumé Hesper-Progrès / Reportage Serge Olmo

Entdeckt déi nei Saison an der BGL Ligue mat Radio-Reportagen, de Kaderen a Fotoe vun de Spiller online op RTL.lu.

RTL-Artikel: BGL Ligue: 2022/2023: Virschau op déi nei Saison an der héchster Divisioun am Lëtzebuerger Futtball

RTL-Artikel: BGL Ligue: 2022/2023: Eng Saison, 16 Ekippen an nëmmen ee Champion

Gol vun der Woch vum Philippe Rayan

De Gol vun der Woch 31 vum Philippe Rayan
De Philippe Rayan vun Hesper huet an der 75. Minutt de Gol géint Nidderkuer geschoss.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO