England ouni Probleemer géint d'Ukrain

© AFP
Dänemark verléiert iwwerraschend a Kasachstan. Slowenien gewënnt géint San Marino an Italien kritt déi éischt Punkten an der Kompetitioun.
De Resumé vum Match Lëtzebuerg géint Portugal a vun den anere Matcher aus der Grupp J fannt Dir hei.
Gupp C
England - Ukrain 2:0
1:0 Kane (37'), 2:0 Saka (40')
England huet no der Victoire géint Italien och den zweete Match an der EM-Qualifikatioun gewonnen. Géint eng harmlos Ukrain sinn den Three Lions zwee Goler an der éischter Hallschent duergaangen. De Kane huet aus kuerzer Distanz zum 1:0 eragesat, dat op Viraarbecht vum Wilfried Saka, a kuerz drop huet de Saka mat engem wonnerschéine Gol selwer den 2:0 markéiert. An der zweeter Hallschent huet England den Tempo e bësse gedrosselt, mee d'Ukrain koum och dunn zu kengen zwéngende Golchancen.
Malta - Italien 0:2
0:1 Retegui (15'), 0:2 Pessina (27')
D'Italieener hu sech méi schwéier gedoe wéi geduecht. Malta hat déi éischt gutt Aktioun vum Match, mee duerno huet Italien d'Kontroll iwwerholl an déi zwee decisiv Goler geschoss. An der zweeter Hallschent hate béid Ekippen hir Chancen, mee et sollt kee weidere Gol falen. Italien sammelt domat déi éischt Punkten an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2024 an Däitschland.
Grupp H
Kasachstan - Dänemark 3:2
0:1 Hojlund (21'), 0:2 Hojlund (36'), 1:2 Zaynutdinov (73', Eelefmeter), 2:2 Tagybergen (86'), 3:2 Aymbetov (89')
Kasachstan geléngt an enger dramatescher Schlussphas e sensationelle Comeback an füügt Dänemark eng empfindlech Néierlag bäi. De Kasper Hojlund war mat zwee Goler de Mann vun der éischter Hallschent, mee déi zwee Goler goungen de Skandinavier net duer. Bis zur 73. Minutt huet alles op eng sécher Victoire vun Dänemark higedeit, mee Kasachstan ass duerch en Eelefmeter zeréck an de Match komm a sollt de Match an de leschte Minutten nach zu senge Gonschten dréinen. Béid Natiounen hunn elo dräi Punkten um Kont.
Slowenien - San Marino 2:0
1:0 Sesko (57'), 2:0 Di Maio (60', Eegegol)
Nordirland - Finnland 0:1
0:1 Kallman (28')