An der éischter Hallschent huet Portugal d'Rout Léiwen no Stréch a Fuedem virgeféiert a louch schonn zur Paus mat 4:0 vir.

Island huet sech beim 7:0 a Liechtenstein keng Bléisst ginn a wichteg dräi Punkten agefuer. D'Slowakei, de Géigner vun de Lëtzebuerger um Donneschdeg, huet sech mat 2:0 géint Bosnien-Herzegowina duerchgesat.

Resume Lëtzebuerg-Portugal / Reportage vum Serge Olmo

D'Resultater an d'Resuméë vun den anere Matcher vum Sonndeg fannt Dir an dësem Artikel.

De Resumé vum Match

Lëtzebuerg - Portugal 0:6
0:1 Cristiano Ronaldo (9'), 0:2 Joao Felix (15'), 0:3 Bernardo Silva (19'), 0:4 Cristiano Ronaldo (31'), 0:5 Otavio (77'). 0:6 Rafael Leao (88')

D'Ekipp mam roude Léiw op der Broscht war mat enger 4-4-2-Formatioun an de Match gaangen. D'Opstellung vu Portugal, eng 5-3-2, huet um Pabeier defensiv ausgesinn, mee d'Portugisen hunn de Match an der éischter Hallschent kloer bestëmmt.

Virun den Ae vum Grand-Duc Henri an dem Premier Xavier Bettel hat Lëtzebuerg déi éischt gutt Occasioun, mee duerno huet Portugal an der néngter Minutt den éischte Gol vum Match geschoss. No enger wäiter Flank an de Lëtzebuerger Strofraum huet den Nuno Mendes mam Kapp op de Cristiano Ronaldo verlängert, deen aus kuerzer Distanz dunn eragesat huet. Och den 2:0, sechs Minutte méi spéit, an den 3:0 an der 19. Minutt sollten no enger héijer Flank virun de Lëtzebuerger Gol per Kappball falen. An der 31. Minutt huet de Cristiano Ronaldo säin zweete Gol markéiert a mat deem Resultat ass et och an d'Paus gaangen.

Zum Optakt vun der zweeter Hallschent huet den Nationaltrainer Luc Holtz dräi Wiessele virgeholl, wouduerch de Lëtzebuerger an den éischte Minutten no der Paus méi Engagement unzemierke war.  D'Ekipp vum neien Trainer Roberto Martinez huet mat der komfortabeler Avance am Réck Tempo aus dem Spill geholl an d'Lëtzebuerger méi um Match deelhuele gelooss. Dobäi hunn d'Rout Léiwe bis zum fënnefte Géigegol Charakter bewisen a konnten hir Stäerkten, déi si soss auszeechnen, deelweis ënner Beweis stellen. An der 85. Minutt krut Portugal en Eelefmeter zougesprach, deen den Anthony Moris gehalen huet - et war déi eenzeg Parad vum Lëtzebuerger Golkipp an dësem Match. De Rafael Leao huet et an der 88. Minutt awer besser gemaach an de Schlusspunkt gesat.

De Roberto Martinez am RTL-Interview
Den Trainer vu Portugal hat all Grond zefridden ze sinn.
Interview mat de Lëtzebuerger nom Match
Um Mikro waren de Mica Pinto, de Laurent Jans an de Gerson Rodrigues

Déi aner Matcher aus der Grupp J

Liechtenstein - Island 0:7
0:1 Olafsson (3'), 0:2 Haraldsson (38'), 0:3 Gunnarsson (48'), 0:4 Gunnarsson (68'), 0:5 Gunnarsson (74'), 0:6 Gudjohnsen (85'), 0:7 Ellertsson (87')

D'Ekipp vun der Insel aus dem héijen Norden huet déi éischt Chance genotzt an de Score opgemaach. Och duerno haten d'Islänner eng Rei Chancen, mee eréischt kuerz virun der Paus sollt den zweete Gol falen. Nom Säitewiessel hunn d'Islänner sech eng komfortabel Avance erausgespillt an de Score um Enn nach op 7:0 eropgeschrauft. Domat sammelt Island, no der Defaite géint Bosnien um Donneschdeg, déi éischt Punkten an dëser Kompetitioun.

Slowakei - Bosnien-Herzegowina 2:0
1:0 Mak (13'), 2:0 Haraslin (40')