Géint Jonglënster huet Beggen däitlech 5:1 gewonnen iwwerdeems Wuermer sech no Eelefmeterschéisse mat 6:5 géint Luxembourg City duerchgesat huet.

Luxembourg City ass zu Berbuerg am Stade Renert an der 37. Minutt duerch e Gol vum Branquinho mat 1:0 a Féierung gaangen. Mat dësem Resultat sollt et dann och an d'Paus goen. Nom Säitewiessel huet et emol keng 6 Minutte gedauert, dunn huet Wuermer a Persoun vum Borges Furtado den 1:1-Ausgläich konnte markéieren. Béid Ekippen haten am Laf vun der Partie wuel nach hir Chancen, e Gol soll awer kengem méi geléngen, sou dass et en d'Verlängerung huet misse goen.

An hei ass Wuermer fulminant gestart. Viru frenetesche Spectateuren huet Wuermer an der 93. Minutt no engem Corner den 2:1 geschoss. Luxembourg City huet an der Schlussphase alles no vir geheit a konnt sech 2 Minutte viru Schluss per direkte Fräistouss vum Parreira belounen. Domat ass et an d'Eelefmeterschéisse gaangen.

An hei hat um Enn Wuermer déi besser Nerven. Wuermer steigt also an d'Éierepromotioun op. Luxembourg City ass deemno weider am fräie Fall. Ass een d'lescht Joer aus der BGL Ligue gefall, geet et no der Néierlag géint Wuermer nach eng Etage méi déif an d'Divisioun 1.

Jonglënster - Beggen 1:5

Ass et fir Jonglënster déi leschte Saison am Barrage nach drëms gaangen, an d'BGL Ligue opzesteigen, huet et um Sonndeg geheescht ze gewannen, fir net an déi 1. Divisioun ofzesteigen. Jonglënster ass dann och mat 100 à l'heure an de Match gestart an huet an der drëtter Minutt a Persoun vum Lopes Gomes d'Féierung geschoss. En optimalen Optakt fir d'Ekipp aus der Éierepromotioun. Beggen konnt de Score an der 16. Minutt duerch de Yassine Maziz awer nees ausgläichen. De sechsfache Lëtzebuerger Champion vu Beggen hat an der Suite vum Match méi Spillundeeler a konnt an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent den 2:1 markéieren.

No der Paus sollt et dunn däitlech ginn. Zwee Goler vum Maziz (49', 85') an ee vum Balde (67') hunn dofir gesuergt dass sech Beggen no 90 Minutten däitlech ka mat 5:1 géint Jonglënster duerchsetzen. Domat steet fest, dass Beggen an d'Éierepromotioun opsteigt a fir Jonglënster heescht et déi nächste Saison Divisioun 1.

RTL-Artikel: Nationale Futtball: All wichteg Informatioune ronderëm d'Barragematcher