Um Donneschdegowend goufen déi leschte véier Matcher vun de Siechzéngtelsfinallen an der "Loterie Nationale Coupe de Luxembourg" bei den Häre gespillt.

Een Duell tëschent zwou Ekippen aus der LBBL stoung um Donneschden um Programm, Mambra Mamer huet d’Musel Pikes empfaangen. Am Championnat ass den Opsteiger d’Iwwerraschungsekipp an no zwee Spilldeeg ongeschloen. Géint d’Musel Pikes ass Mamer mat vill Confiance an de Match gestart, huet 9 Dräier an der éischter Hallschent getraff a louch no 20 Minutten 53:40 a Féierung. D’Gäscht hunn an der zweeter Hallschent probéiert, Mamer mat enger Verdeedegung iwwer de ganzen Terrain ze beonrouegen, mä d'Heemekipp vum Trainer Mike Smith huet säi Virsprong souverän gehalen a sech um Enn mat 101:92 behaapt. Den Antunio Bivins war mat 39 Punkten net ze stoppen, och de Nelson Larkins (28 Punkten) an de Billy McDaniel (20) hu staark getraff fir Mamer.

An de weidere Matcher konnt sech den AS Zolwer am Duell tëschent zwou Ekippen aus der Nationale 2 kloer mat 100:73 géint Hedgehogs Bascharage duerchsetzen, de Gréngewald-Hueschtert aus der LBBL hat beim 78:54 géint Hesper aus der Nationale 2 keng Schwieregkeeten an d’Résidence Walfer aus der LBBL klappt East Side Pirates aus der Nationale 3 mat 122:64.

Um Mëttwoch-Owend hate sech Hiefenech, d’Kordall Steelers, Black Frogs Schieren, de Racing Lëtzebuerg an Nitia Beetebuerg scho fir den nächsten Tour qualifizéiert, Dikrech aus der Nationale 3 ass mat engem Forfait géint Keel weiderkomm.

Déi stäerkste sechs Ekippen aus der LBBL vun der leschter Saison stinn direkt an den Aachtelsfinalle: d'Amicale Steesel, denT71 Diddeleng, d'Arantia Fiels, de Basket Esch, d'Sparta Bartreng an d'Etzella Ettelbréck.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären