Kloer Victoirë gouf et um fënnefte Spilldag fir Diddeleng, Käerjeng an Esch. Tëscht Déifferdeng an Dikrech war et méi spannend.

Axa League Dammen

Nodeem Diddeleng d'lescht Woch de Spëtzematch géint Käerjeng mat 28:26 fir sech entscheet hat, hu sech d'Spillerinne vum HBD och beim Auswäertsmatch beim HB Museldall keng Bléisst ginn. D'Ufanksphas war zimmlech ausgeglach, mee no 10 Minutte konnt Diddeleng e 7:0-Laf starten an domat den decisiven Ecart maachen. An der Paus stoung et scho 15:5 fir d'Ekipp vum Trainer Yannick Archer. Diddeleng huet sech och am zweeten Duerchgang weider konsequent ofgesat a gewënnt um Enn mat 34:15 zu Gréiwemaacher.

De spannendste Match op dësem Spilldag gouf et zu Dikrech, wou sech d'Red Boys Déifferdeng um Enn mat 20:17 duerchsetzen. No engem schlechte Start koum Déifferdeng besser an de Match a louch zur Paus 11:8 vir. An den zweeten 30 Minutten huet d'Ekipp vum Trainer Michel Scheuren dësen Ecart konstant gehalen. D'Mirela Kozar war op Déifferdenger Säit déi bescht Scorerin mat 7 Goler. Dikrech verléiert domat déi zweet Plaz an der Tabell.

Den Handball Käerjeng hat bei der 42:22-Auswäertsvictoire beim HC Standard keng Problemer an iwwerhëlt déi zweet Plaz vum Chev Dikrech. Och den Handball Esch huet sech kloer mat 35:17 géint Bieles duerchgesat an ass elo Fënneften.

Spillplang Dammen

Axa League Hären

Bei den Häre steet wéinst der eigentlech geplangter Campagne vun der Nationalekipp dëse Weekend kee Match um Programm. D'Qualifikatiounsmatcher géint Israel fir d'WM 2025 hu wéinst den aktuellen Evenementer am Noen Osten op en onbestëmmten Datum musse verréckelt ginn.

Spillplang Hären