Um Sonnde war d'Suite vum 7. Spilldag bei den Dammen a vum 9. Spilldag bei den Hären an der LBBL.

Um Samschdeg hat Bartreng bei den Hären schonn d'Fiels geklappt.

Hären

D'Etzella Ettelbréck kann sech doheem mat 104:82 géint den T71 Diddeleng behaapten. No enger ausgeglachener éischter Hallschecht huet nom Säitewiessel virun allem den Amerikaner Jimmie Lee Taylor der Partie säi Stempel opgedréckt. Hie konnt am drëtte Véierel 13 Punkten noenee fir seng Ekipp markéieren an huet och am leschte Véierel aus alle Lage getraff. Um Enn stounge 45 Punkten op sengem Kont an hie krut vum Publik säi verdéngten Applaus. D'Gäscht vun Diddeleng konnten den Tempo vun der Etzella an der zweeter Hallschecht net méi matgoen, d'Lokalekipp huet ganzer 57 Punkten no der Paus markéiert. Des Victoire war fir Ettelbréck duebel wichteg, well béid Ekippen an der Tabell punktgläich ware virum Spilldag.

D'Kordall Steelers hunn am Match géint de Gréngewald Hueschtert mam Jean Liberatore als Trainer gespillt, dat well d'Trainerin Tara Booker krank ausgefall ass. Donieft koum mam Chris Paul en neien drëtten auslännesche Spiller zum Asaz. Och bei de Gäscht stoung en neie Spiller um Terrain, de Kanadier Maurice Calloo. Sportlech war et e ganz enke Match vum Ufank bis an d'Schlussminutten. D'Lokalekipp konnt duerch de Chris Paul 1 Sekonn viru Schluss mat 3 Punkten a Féierung goen, de Gréngewald hat awer nach eng leschte Chance a Persoun vum Tristin Walley, mee säi Schoss vun der Dräierlinn huet d'Zil verfeelt an de Kordall wënnt mat 89:86.

Dammen

Bei den Damme konnt sech den T71 Diddeleng kloer mat 119:51 zu Zolwer behaapten. All 12 Spillerinne vun de Gäscht hunn op mannst 2 Punkte markéiert, d'Mia Loyd hat mat 22 déi meeschten um Kont.

D'Etzella Ettelbréck kann sech doheem mat 104:82 géint den T71 Diddeleng behaapten. No enger ausgeglachener éischter Hallschecht huet nom Säitewiessel virun allem den Amerikaner Jimmie Lee Taylor der Partie säi Stempel opgedréckt. Hie konnt am drëtte Véierel 13 Punkten noenee fir seng Ekipp markéieren an huet och am leschte Véierel aus alle Lage getraff. Um Enn stounge 45 Punkten op sengem Kont an hie krut vum Publik säi verdéngten Applaus. D'Gäscht vun Diddeleng konnten den Tempo vun der Etzella an der zweeter Hallschecht net méi matgoen, d'Lokalekipp huet ganzer 57 Punkte no der Paus markéiert. Des Victoire war fir Ettelbréck duebel wichteg, well béid Ekippen an der Tabell punktgläich waren virum Spilldag.