Um Sonnde war d'Suite vun den Halleffinallen an der Coupe am Basket an der Coque um Kierchbierg.

An der Coupe Loterie Nationale bei den Häre stoungen sech Hiefenech aus der Nationale 2 an d'Sparta Bartreng aus der LBBL géintiwwer. Viru ronn 2000 Zuschauer ass Hiefenech mat engem Bonus vun 10 Punkten an de Match gestart. Béid Ekippen si mat engem neie Profispiller an des Partie gaangen. Bei der Sparta stoung den Isaiah White am Kader, bei Hiefenech de Jeff Early. Et huet net laang gedauert bis Bartreng de Réckstand opgeholl hat, schonn no 13 Minutte louch d'Ekipp aus der LBBL eng éischte Kéier a Féierung (28:27). Hiefenech huet sech net aus der Rou brénge gelooss an ass mat engem Virsprong vu 5 Punkten an d'Paus gaangen (39:34).

Nom Säitewiessel huet sech e spannende Match entwéckelt, keng Ekipp konnt sech am drëtte Véierel e Virsprong eraus spillen. Bartreng ass staark an de véierte Véierel gestart a konnt sech duerch Verbeelen a White bis op 10 Punkten ofsetzen. Um Enn setzt sech de Favorit mat 84:74 duerch.

E staarke Match huet den Isaiah White gespillt, hie konnt mat 29 Punkten iwwerzeegen. Ënnerstëtzt gouf de neie Profispiller vum Nationalspiller Yannick Verbeelen mat 19 Punkten.

An der Finall trëfft Bartreng op d'Résidence Walfer, d'Ekipp hat sech um Samschde kloer géint den Titelverdeedeger Etzella Ettelbréck behaapt.

D'Finalle vun der Coupe ginn de 16. Mäerz an der Arena vun der Coque um Kierchbierg gespillt.

Dammen

Am Lalux Ladies Cup bei den Damme setzt sech den T71 Diddeleng virun 900 Zuschauer no Verlängerung mat 86:84 géint d'Sparta Bartreng duerch.

Bartreng hat säi Rhythmus schnell fonnt an huet sech ënner dem Impuls vum Martha Burse a Jovana Jaksic e Virsprong eraus gespillt. Ufank vum zweete Véierel louch d'Sparta 35:20 a Féierung, Diddeleng hat de Réckstand bis zur Paus op 8 Punkte verkierzt (39:47).

Nom Säitewiessel huet sech Diddeleng bis op 2 Punkten erugekämpft an d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann war kuerz virdrun de Match ze dréinen. Du koum awer eng staark Phas vu Bartreng, d'Sparta hat 5 Minutte viru Schluss nees e Virsprong vun 10 Punkten. Um Enn ass et nach emol ganz enk ginn, Diddeleng huet de Match a kuerzer Zäit komplett gedréint an d'Mia Loyd huet den T71 an d'Verlängerung gerett (76:76).

No 5 Extra-Minutte konnt den T71 jubelen, d'Ehis Etute huet Diddeleng mat Foten a Féierung bruecht. Bartreng hat a Persoun vum Martha Burse eng Chance de Match ze gewannen, de Worf vun der Mëttellinn ass awer net duerch d'Netz gaangen.

An der Finall trëfft Diddeleng op den Titelverdeedeger Gréngewald, deen sech um Samschde kloer mat 97:63 géint d'Amicale Steesel duerchsetze konnt .

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen