Basketnationaltrainer Ken Diederich
"Géint e Land ze gewanne wéi Rumänien, ass schonn eng Sensatioun"

© RTL-Archivbild
D'Lëtzebuerger Basketnationalekipp hat sech mat engem spektakulären 29:12 am véierte Véierel an d'Verlängerung gerett an dunn nach gewonnen.
Déi Lëtzebuerger FLBB-Selektioun huet am éischte Match vun der WM-Prequalifikatioun auswäerts a Rumänien no Verlängerung gewonnen. Besser hätt dem Ken Diederich seng Ekipp d'Qualifikatioun net kéinten ufänken.
Am RTL-Interview weist sech den Nationaltrainer ganz zefridde mam Resultat an hofft, datt och e Sonndeg an der Coque ee positiivt Resultat géint Norwegen méiglech ass. Fir Skandinavier ass et den éischte Match an der WM-Prequalifikatioun. D'Partie gëtt vu 17 Auer un am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.
De Ken Diederich am RTL-Interview
Am meeschte gelies