Deen een oder aneren aus dem nationalen Dëschtennis dierft et wuel gewonnert hunn, datt mam Paul Schiltz elo e fréiere Generalsekretär Faarf bekannt huet.

An engem Bréif, deen hien un d'Lëtzebuerger Presse geschéckt huet, positionéiert hie sech ganz kloer en faveur vun der Sarah De Nutte a werft d'Fro op, ob déi Verantwortlech aus dem Comité directeur an de Sportdirekter Heinz Thews net besser hätten, "séier hiren Hutt" ze huelen, fir Plaz fir anerer ze maachen.

A sengen Ae wier en "éierleche Mea culpa an eng eescht Entschëllegung" a Richtung Sarah De Nutte, a Richtung COSL an a Richtung Lëtzebuerger Sportswelt "de Minimum".

Hannergrond ass d'Affär ronderëm d'Olympesch Spiller zu Paräis, wou d'Sarah De Nutte nom Out an der éischter Ronn an Interviewen d'FLTT kritiséiert hat, well hire perséinlechen Trainer, de Peter Teglas, obwuel en déi néideg Akkreditatioun hat, si net huet dierfe coachen. D'Sarah De Nutte hat am Interview gesot, si hätt dëst net erlaabt kritt a kéint dëst net verstoen. An der Suite hat d'FLTT kee Versteesdemech fir d'Lëtzebuerger Athletin an huet eng ëffentlech Rüg ausgeschwat.

Nodeems 35 fréier an aktuell Sportler schonn an engem oppene Bréif d'FLTT ferm kritiséiert haten, kënnt elo also och ferme Géigewand vum fréieren FLTT-Generalsekretär Paul Schiltz, deen d'Decisioune vum CD an dem Sportdirekter net novollzéie kann a kee Feeler bei der Spillerin Sarah De Nutte erkenne kann. Hir Reaktioun wier absolut novollzéibar an ze verstoen, esou de Paul Schiltz.

An der Stellungnam oder "Ukloschrëft" vun der FLTT an der Affär Sarah De Nutte (Säite 7 bis 15) géif hie kaum mënschlech Aspekter fannen an nennt se "zum Deel pervers". Et wier en "Hon".

E Mëttwoch den Owend war iwwregens de Comité directeur vun der FLTT beieneen. Hei hunn déi Verantwortlech vun der Dëschtennisfederatioun decidéiert, weiderhin näischt zur Affär ze soen, op d'mannst emol esou laang dës nach en cours ass. Dem Sarah De Nutte säin Delai leeft nach bis de 6. Dezember.