De Bommstousser hat d'Bronzemedail vun der Paralympics mat heembruecht a gouf dofir zum Sportler vum Joer ernannt.

En Donneschdeg den Owend krut den Tom Habscheid de Präis offiziell um Site vum Haaptsponsor vun der Sportpress op der Award Night vun der BIL iwwerreecht. 
 
Den Tom Habscheid hat mat enger historescher Bronzemedaile op de Paralympics zu Paräis, virun 80.000 Spectateuren fir Schlagzeile gesuergt.

An der Zukunft wäert déi 6 Kilogramm schwéier Bomm keng Roll méi spillen. Si gouf duerch eng 100 Kilogramm schwéier ersat. Den 38 Järegen ass vum Strongman begeeschtert, an an des Aktivitéit wäert an Zukunft, bis zu 3 mol an der Woch, Trainingsfläiss an Energie investéiert ginn. Och e puer Kompetitiounen am Ausland gehéieren zur neier, aler Passioun.

Tom Habscheid krut d'Trophée vum Sportler vum Joer iwwerreecht
De Bommstousser hat d'Bronzemedail vun der Paralympics mat heembruecht a gouf dofir zum Sportler vum Joer ernannt.

Zur Vergaangenheet gehéiert och dem Petz Lahure seng Presidentschaft un der Spëtzt vun der Sportspress. 27 Joer ass eng laang Zäit. Am Present a fir d'Zukunft huet  d'Christelle Majerus d'Rudder iwwerholl. Och fir de Michel Knepper war et den éischten offiziellen Optrëtt, als President vum COSL. D'Presidentschaft vum André Hoffmann gehéiert der Vergaangenheet un. D'Sportsblécker wäerten an d'Zukunft geriicht sinn, mam Tom Habscheid als aktive Spectateur, Virbild an als Ambassadeur vun der Inclusioun.