Köln an de Mathias Olesen loosse grouss Chance zu Hannover leien

© AFP (Archiv)
Trotz enger 0:1-Defaite bleift den 1. FC Köln awer weider Tabelleleader, dat well d'Ekippen hannendrun och Punkte leie gelooss hunn.
Sonndeg
Köln huet an der 2. Bundesliga eng grouss Chance verpasst, d'Fro ëm den Opstig ee gutt Stéck méi kloer ze maachen. Zu Hannover gouf et e Sonndeg eng 0:1-Victoire, bei där de Mathias Olesen vun der Bänk aus net an den Asaz komm ass. Duerch d'Defaite vun Hamburg doheem géint Karlsruhe bleiwen d'Geißböcke awer mat 54 Punkte weider Tabelleleader. Den HSV steet mat 53 Punkten op Plaz 2 a Magdeburg mat 50 Punkten op der Relegatiounsplaz. Interessant gëtt et och nach hannendrun, wou d'Plaze 4-7 dräi Spilldeeg viru Schluss alleguer 49 Punkten um Kont hunn.
An der éischter Liga a Polen gouf et da fir Stal Rzeszow eng kloer 0:3-Defaite, bei där de Sébastien Thill 90 Minutten am Asaz war. An der Tabell steet ee véier Spilldeeg viru Schluss am gesécherte Mëttelfeld.
Am Derby vun der bosnescher Haaptstad huet sech den FK Sarajevo e Sonndeg mat 2:1 géint Zeljeznicar Sarajevo duerchgesat. De Lëtzebuerger Mirza Mustafic souz dobäi op der Bänk.
Fir den Danel Sinani a St. Pauli ass et fir den Ofschloss vum 31. Spilldag ee Punkt zu Bremen ginn, mat deem den Ecart op d'Relegatiounsplaz elo sechs Punkten ass.
Samschdeg
Den SV Elversberg huet an der 2. Bundesliga de Sprong op d'Relegatiounsplaz verpasst. Fir d'Ekipp mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte gouf et um 31. Spilldag en 1:1-Remis zu Paderborn, dat no engem Last-Minute-Gol an der 94. Minutt.
An der ukrainescher Premier League huet den LNZ Cherkasy ee wichtege Punkt an der Lutte géint den Ofstig gesammelt. Duerch den 0:0 géint Kryvbas Kryvyj Rih, bei deem den Olivier Thill 90 Minutte gespillt huet, bleift een aktuell véier Punkte virun enger Relegatiounsplaz. Do hunn d'Ekippen nach ee Match ze spillen.
Déi zweet Ekipp vum FC Schalke 04 huet sech mat enger 5:0-Victoire géint den direkte Konkurrent Hohkeppel vun der Relegatiounsplaz an der Regionalliga West befreit. De Maurice Deville war an der 85. Minutt beim Stand vu 4:0 agewiesselt ginn, den Timothé Rupil ass net zum Asaz komm.
An der 1. Bundesliga huet den Tiago Pereira Cardoso ee geckege Match vu senger Ekipp vun der Bänk aus gesinn. Zu Kiel huet sech Gladbach no engem hin an hier misse mat 3:4 geschloe ginn.
Och de Vahid Selimovic huet e Samschdeg senger Ekipp vun der Bänk aus nogekuckt. An den Ofstigs-Playoffs vun der rumänescher Liga konnt sech den FC Hermannstadt mat 3:0 géint den UTA Arad duerchsetzen a steet domadder aktuell souguer op enger Plaz fir d'Qualifikatioun vun der UEFA Conference League ze spillen.
A Bulgarien ass de Mica Pinto mam ZSKA Sofia och op engem gudde Wee, sech eng Plaz an der Qualifikatioun fir d'Conference League ze sécheren. An de Play-Offs gouf et e Samschdeg eng 1:0-Victoire géint Spartak Varna, bei där de Lëtzebuerger Nationalspiller 90 Minutten am Asaz war. Botev Plovdiv ka sech d'Plaz vum ZSKA awer mat enger eegener Victoire e Sonndeg nees kropen.
Freideg
An der zweethéchster Liga an Éisträich huet den SKN St. Pölten eng weider Victoire gefeiert. Beim 4:1-Succès géint den SV Horn war den Dirk Carlson an der Defense de ganze Match am Asaz. An der Tabell steet St. Pölten véier Spilldeeg viru Schluss op der 4. Plaz, dat awer mat engem Réckstand vun 13 Punkten op de Leader. Nëmmen den Tabellenéischte steigt hei an déi éischt Liga op.
An der franséischer Ligue 2 huet sech den SC Bastia duerch déi zweet Defaite hannerteneen déi lescht Chance op eng Plaz an den Opstigs-Playoffs verspillt. E Freideg huet d'Ekipp mam Florian Bohnert, deen déi 90 Minutten op der Bänk souz, mat 2:3 géint Grenoble de Kierzere gezunn.