No enger intensiver Partie trenne sech béid Ekippe mat engem 3:3-Remis a loosse fir de Retourmatch vun der 1/2-Finall den nächsten Dënschdeg alles oppen.

E Mëttwoch den Owend stoung an der Champions League déi zweet Partie vun den 1/2-Finallen um Programm. No enger opreegender éischter Hallschent mat véier Goler hu sech den FC Barcelona an Inter Mailand um Enn mat engem 3:3-Remis am Allersmatch getrennt.

En Dënschdeg gouf et an der éischter 1/2-Finall fir Arsenal eng 0:1-Defaite géint de PSG.

Barcelona - Inter Mailand 3:3

0:1 Thuram (1'), 0:2 Dumfries (21'), 1:2 Yamal (24'), 2:2 Torres (38'), 2:3 Dumfries (64'), 3:3 Sommer (65')

Déi sechs Goler vum Match tëscht Barcelona an Inter Mailand
Op béide Säite si jeeweils dräi Goler gefall

30 Sekonnen huet et zu Barcelona gedauert, bis de Ball eng éischte Kéier am Gol louch. No enger Flank vum Denzel Dumfries huet de Marcus Thuram artistesch mat der Hack aus kuerzer Distanz op 1:0 gestallt an d'Katalanen domadder fréi geschockt. Obwuel d'Lokalekipp sech direkt ëm eng Reaktioun beméit huet, ass Inter Mailand 20 Minutte méi spéit en zweete Gol gelongen. Mat engem héije Volleyschoss war et dës Kéier den Denzel Dumfries, deen e Corner perfekt verwäerte konnt, sou datt et scho fréi 2:0 fir d'Gäscht stoung. Trotz den zwee Géigegoler huet Barcelona awer säi Match weidergemaach. Si hu weider no vir gespillt a goufen an der 24. Minutt dann och fir hir Beméiunge belount. De 17 Joer ale Lamine Yamal huet an enger Eenzelaktioun d'Géigespiller stoe gelooss a mat engem prezise Schoss an de laangen Eck op 1:2 verkierzt. D'Haushäre waren elo kloer déi besser Ekipp um Terrain an hunn no enger Rei weiderer Chancen nach virun der Paus ausgeglach. Dës Kéier huet de Raphinha de Ball mam Kapp op de Ferran Torres ofgeluecht, deen de Ball aus kuerzer Distanz hannert d'Linn drécke konnt. Eng héich interessant éischt Hallschent ass sou mat engem Chancëplus fir Barcelona mat 2:2 op en Enn gaangen.

Nom Säitewiessel huet et Inter an deenen éischte Minutten e puer Mol an dat lescht Drëttel gepackt, ouni d'Chancen awer wierklech zwéngend auszespillen. Eng weider Standardsituatioun sollt dann awer nees de Succès a Form vun engem Gol bréngen. No engem Corner stoung den Denzel Dumfries op der richteger Plaz a konnt an der 63. Minutt mam Kapp op 3:2 fir d'Gäscht stellen. Wéi awer och schonn an der éischter Hallschent konnt Barcelona op en neits kuerz drop eng Reaktioun weisen. Nëmmen eng Minutt méi spéit war et och hei ee Corner, no deem de Raphinha aus der zweeter Rei zum Ofschloss komm ass. De Ball ass mat héijer Vitesse op d'Lat geflunn a mat e bësse Gléck vum Réck vum Golkipp Yann Sommer an de Gol gesprongen. De Match war also séier nees ausgeglach a prett fir eng spannend Schlussphas. Do huet een de Spiller um Terrain awer ugesinn, dass et bis dohin een intensive Match war. E puer Wiessel sollten nach eemol op béide Säite liicht frësche Wand bréngen, wat um Enn awer um 3:3-Spillstand näischt méi geännert huet.

Déi bescht Zeene vum Match tëscht Barcelona an Inter Mailand
No 90 Minutten hu sech béid Ekippe mat engem 3:3-Remis getrennt

Mat engem Remis geet et also fir béid Ekippen op Mailand, wou den nächsten Dënschdeg de Retourmatch gespillt gëtt. Wien et schlussendlech an d'Finall packt, kënnt Dir souwuel en Dënschdeg, wéi och e Mëttwoch live op RTL ZWEE an am Livestream op RTL.lu an RTL Play suivéieren.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.